D‘Dateschutzkommissioun (CNPD) hat Verstéiss géint d‘Dateschutzreglementatioun festgestallt.
D‘Geriicht huet d‘Verstéiss vun Amazon zwar confirméiert. D‘CNPD huet allerdéngs de Feeler gemaach, d‘Amende automatesch ze decidéieren. Dat, ouni virdrun ze iwwerpréiwen, ob Amazon virsätzlech géint dës Reegele verstouss huet, an ouni ze iwwerpréiwen, ob eventuell aner Strofen hätte kënne verhaange ginn.
D‘Geriicht huet parallel festgestallt, datt Amazon sech an Tëschenzäit un d‘Reegele géing halen.
D‘CNPD muss de Fall elo nei bewäerten.
Dat huet d’Justizverwaltung um Freideg an engem Communiqué matgedeelt.