Ëmfroen am Virfeld soen e Kapp u Kapp Renne viraus tëschent der populistescher Partei vum fréieren prorussesche Regierungschef, Robert Fico an der liberaler Partei vum EU-Vizeparlaments-President, Michael Simecka.
E grousst Thema am Walkampf war déi politesch a militäresch Hëllef, déi d‘Slowakei der Ukrain bis elo ginn huet. Allerdéngs ass déi Hëllef an der Populatioun ëmstridden. Sollt d‘Partei vum Robert Fico zréck un d‘Muecht kommen, sollen d‘Waffeliwwerunge gestoppt ginn, hu si schonn annoncéiert.