Radioen

On air

9 bis 1  |  Father John Misty - Chateau Lobby #4 (In C For Two Virgins)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Courting - Lust for Life, Or: 'How to Thread the Needle and Come Out the Other Side to Tell the Story'

Album vun der Woch

Courting - Lust for Life, Or: 'How to Thread the Needle and Come Out the Other Side to Tell the Story'

Courting sinn eng elektronesch Rockband vu Liverpool, déi et elo zënter 7 Joer gëtt, an där hir Trajectoire si iwwer 3 Albumen dohinner geféiert huet, den Hyper-Pop an de Post-Punk an hirer Musek openee prallen ze doen.

auto_stories

3 min

headphones

9 min

play_arrow

A wann Dir elo léiwer Art Punk an Indie Rock gesot hätt, da géif Dir net manner richteg leien: Wichteg ass, wéi kloer d'Resultat ass. An dat war an der leschter Zäit dacks esou markéiert catchy, datt een zäitweileg esouguer e bësse genervt war. Wann alles vir am Mix ass, wann all Saz punktuéiert gëtt, ass ee séier e bëssen iwwerwältegt vun esou vill Presenz, déi Courting awer op de Büne vum Vereenegte Kinnekräich ee fatzege Ruff abruecht huet.

Eng perfekt gebitzte Spaass-Plack

Op hirer drëtter Plack iwwerleeë sech Courting hir Saach awer laang a gutt. Fir d'éischt emol huet d'Verrécktheet dës Kéier e System. All Song op der Plack huet seng Konterpartie, säi Spigel souzesoen, an deem änlech musikalesch Motiver zum Zoch kommen an developpéiert ginn. Zënter datt d'Plack am November annoncéiert gouf, geet d'Rumeur vun hirer Brillanz ronderëm an d'Resultat enttäuscht net.

Den éischten Titel, deen no enger klenger Intro de Subwoofer zum Vibréiere bréngt, ass "Stealth Rollback", eng bal instrumental Grime-Jam mat gesampelte Vocals a schifer Viola. Bei der dorop follgender Keyboard- a Gittaremontée gëtt kloer, datt d'Band sech beim zweete Song metaphoresch a Gang bréngt. A wéi d'Live-Showe sech wuel opbaue wäerten.  

Riicht an d'Gesiicht

Den drëtten Titel, "Pause At You", ass dann eng riicht an d'Gesiicht. De Verzerrerknäppchen op der Stëmm steet genee esou duerchgoend op Maximum wéi de Volume op der Telecaster an d'Energie an den Drums. Erauskënnt ee Post-Punk-Banger, dee säi Refrain e geometreschen Autotune-Kanal an den Ouerekanal grueft, wärend de Cowbell- an Telecaster-Versen d'Been zucken deet.

"Namcy" vermëscht Pub-Rock mat Boyband an enger Touche Emo, fir hei d'Skizz vun enger neier Aart Hyper-Indie ze vervollstännegen an alles dat huet scho bis heihinner Spaass gemaach, mee wann op "Eleven Sent" eng Gei de Beck-inspiréierte Groove ënnerstëtze kënnt an de Frontmann Sean Murphy O'Neill iwwer den ongekläerte Wäert vun engem Sixpack nodenkt, versteet een, datt dës Plack haaptsächlech heifir gemaach ass. An all Respekt fir déi mat Saxofon belëfte Bridge - fir d'éischte Kéier loosse Courting hir Musek ootmen an dat ass schéin.

De Gest vum Mëttelfanger

"After You" war déi éischt Advance Single an ass eng weider Pop-Hymn am Indie-Gewand, déi u Blur hiren orangen Album erënnert. Schluss ass et mat "Likely Place for the To Be", ob deem Pop a Mathrock zesummekomme wéi sengerzäit bei amerikaneschen Indie-Phenomeener Fall of Troy oder Circa Survive, just eeben an deem méi distanzéierte Modus vun eiser Zäit, prett fir am Mainstream ze stoe mat engem suggestive Gest vum Mëttelfanger.

Hiren Held, den David Byrne (Talking Heads), wier stolz op si gewiescht, besonnesch well och d'Texter net op der Iwwerfläch hänke bleiwen. Si dauchen an divers Sujete wéi urban Transformatioun, sexuell Muechtverhältnisser a Schéinheetsidealer. Melodesch, rhythmesch an textlech mécht dës Plack esou vill Loscht op d'Liewe wéi hiren Titel laang ass, dofir schreift Iech en hannert d'Oueren, wa se grouss genuch sinn.

Lauschterenplay_arrow