Radioen

On air

Notturno  |  Them Lights - Got No

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Covoituragespuer: Gutt Iddi, amateurhaft Ëmsetzung, sou Meris Sehovic

Diddelenger Autobunn

Covoituragespuer: Gutt Iddi, amateurhaft Ëmsetzung, sou Meris Sehovic

Et wier gutt, datt de Chantier op der Diddelenger Autobunn fäerdeg ass, seet de gréngen Deputéierte Meris Sehovic. D'Covoituragespuer wier och gutt an der Iddi, allerdéngs amateurhaft an der Ëmsetzung.

auto_stories

1 min

headphones

6 min

No dräi Joer Chantier geet dat méi breet Stéck op der Diddelenger A3 op | © Serge Kesseler play_arrow
No dräi Joer Chantier geet dat méi breet Stéck op der Diddelenger A3 op (Foto: Serge Kesseler)

D‘Police hat dem 100,7 jo d'lescht Woch schrëftlech geäntwert, datt Kontrollen op där Spuer vill ze geféierlech wieren. Ouni Kontrolle géif déi Spuer näischt bréngen, seet den Deputéierten aus der Chambermobilitéitskommissioun.

"De Problem zum Schluss ass jo dann deen, wa jiddereen op där drëtter Spuer fiert, da sti mer erëm alleguerten zesummen am Stau."

"Just Symbolpolitik"

Eng efficace Kontroll wier souwisou nëmme mat Radare méiglech, schreift d'Police weider. Déi sollen och kommen, heescht et dann aus dem Mobilitéitsministère. D‘Testphas fir déi Radare kann awer eréischt fréistens Enn des Joers lassgoen. D‘Radaren hätten direkt mat a Betrib geholl ginn, fënnt de Meris Sehovic. Elo wier et just Symbolpolitik. 

Hie kritiséiert iwwerdeems och, datt keng Moossnamen decidéiert goufen, fir d‘Bevëlkerung am Virfeld ze informéieren an ze sensibiliséieren. Den Ausbau vun der A3 war ee Projet vum viregte Mobilitéitsminister François Bausch (déi gréng). Fir de Meris Sehovic hätt déi nei Regierung trotzdeem elo bal zwee Joer Zäit gehat, sech ze preparéieren.

Lauschterenplay_arrow