Radioen

On air

Grousse Kino  |  

play_arrow Live
search

/ Den neien Europamusée an d'Restauratioun vun der Marie-Astrid

National

Den neien Europamusée an d'Restauratioun vun der Marie-Astrid

Prinzessin Marie-Astrid Europa - mat deem Numm ass dat historescht Schëff e Méindeg vum Tourismusminister Lex Delles gedeeft ginn. Eng Lëtzebuerger Delegatioun war mam Minister an d’Géigend vu Köln gefuer. An enger Werft gëtt d’Schëff nämlech grad komplett sanéiert. Wann den Europamusée seng Dieren nees opmécht, gëtt d'Marie-Astrid Deel vum Musée.

auto_stories

4 min

headphones

5 min

play_arrow
Foto: Ana Angel

Wäiss mat engem roude Bord, iwwer 40 Meter laang a méi wéi 7 Meter breet. Sou steet d’Schëff, op dem de Schengen-Accord 1985 ënnerschriwwe gouf, de Moment bei engem däitsche Schëffbauer bei Köln. Grad bal esou laang wéi d’Schëff ass de Schrëftzuch mam neien Numm “Prinzessin Marie-Astrid Europa”. Et hu sech nach eng ganz Rei aner Saache gedoen, erkläert den Elmar Miebach, den Direkter vum Schëffbauer Lux Werft. D‘Schëff krut komplett de Lack erofgeholl, krut eng nei Isolatioun an en neie Buedem. Nei Fënster sollen och nach kommen.

D'Schëff gëtt elektresch bedriwwen

Nei och fir d’Schëff: Et wäert elo elektresch bedriwwe ginn. Keen Diesel méi a kee Bensinn. Mat 2 Batterië soll d‘Schëff bis zu 7 Stonne fuere kënnen. Derbäi komme Solarpanellen. Eng deck hallef Stonn kann d’Marie-Astrid domat méi fueren – also am ganze 7,5 Stonnen, schätzt den Direkter. Fuere wäert d’Schëff net all ze dacks, ënnersträicht de Minister Lex Delles.

"Et wäert e Musée ginn deen och fiert. Wou och nach eng Kéier zesumme mam Ingenieursbüro gekuckt ginn ass, fir e Konzept auszeschaffen, wou ebe grad de wichtege Bestanddeel war, dass d’Schëff net nëmmen do steet. Et wäerte keng Butterfahrten mam Schëff gemaach ginn, mee dass d’Schëff kann och an aner europäesch Stied ka fueren an ebe grad do Schengen erausbréngen an Europa."

D'Wichtegkeet vun oppene Grenzen

D’Prinzessin Marie-Astrid Europa wäert integrale Bestanddeel vum Musée ginn, a kann och just mat engem Entréesbilljee fir de Musée besicht ginn. De Raum an deem d’Schengenofkommes ënnerschriwwe ginn ass, wäert historesch richteg authentesch nogebaut ginn. D’Symbolik vun deem Raum wier wichteg, grad an dësen Zäiten, erkläert d’Martina Kneip, Directrice vum Europamusée. Ze verstoe wéi d’Grenze sech iwwer d’Zäit entwéckelt hu wier wichteg, seet si. 

"Ech ka mech erënneren, deemools 2010, jidderee war begeeschtert. Oppe Grenze ware ganz normal an et konnt ee sech net virstellen, dass et dat net sollt ginn. Lo wësse mer dass et Méiglechkeete ginn, wou dat awer net sou ass."

D’Schëff soll och dem Lex Delles no, Erënnerungen héich halen. Grad an Zäiten, wou erëm méi Länner Grenzkontrolle maachen. 

"Ass et eben em sou méi wichteg, dat Schëff hei zréck op Schengen ze bréngen. An ze weisen, fir wat den Traité vu Schengen steet: fir oppe Grenzen, d’Quintessenz vun Europa."

Reportage lauschterenplay_arrow

Martina Kneip, Directrice vum Europamusée | © Chris Zeien
Martina Kneip, Directrice vum Europamusée (Foto: Chris Zeien)

Eng Plaz op där Geschicht geschriwwe gouf

Dobäi ass d’Schëff eng vun deenen eenzege Plaze, op deene Geschicht geschriwwe ginn ass, déi fir de Public zougänglech ass, sou nach de Lex Delles.

De ganze Projet huet bal 18 Milliounen Euro kascht, an och wann d’Gemeng Schengen de Projet dréit, ginn all d’Käschte vum Staat iwwerholl. 

Am 100,7 Interview erkläert d‘Martina Kneip, datt een de Feeling vun deemools erëmzeginn. D‘Schëff gëtt jo Deel vum neien Europamusée zu Schengen. Deen ass zënter Päischten dëst Joer zou, fir un enger neier Ausstellung ze schaffen.

De 14. Juni 2025 ass de 40. Joresdag vun der Signature vum Schengenaccord. D‘Directrice ass zouversiichtlech, datt déi Delaien agehale kënne ginn.

Interview mat der Martina Kneip

Lauschterenplay_arrow