Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Them Lights - CW

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi Lénk kritiséieren d'Ophiewe vum Energiepräisdeckel

Energie

Déi Lénk kritiséieren d'Ophiewe vum Energiepräisdeckel

Datt d’Regierung op den 1. Januar den Energiepräisdeckel zum Deel ophiewe wëll, gefält déi Lénk net. De Moien huet d’politesch Sensibilitéit dofir gefuerdert, datt deen Deckel dat nächst Joer integral soll bestoe bleiwen.

auto_stories

1 min

Foto: Eric Ewald

Den Energiepräisdeckel wier mam Zil agefouert ginn, fir d’Stéit z’entlaaschten, huet d’Ana Correia da Veiga betount. Si berifft sech drop, wat e komplett Ophiewe vun deem Präisdeckel fir d’Stéit bedeite géif.

Dat huet d’Chambre des Salariés op Grond vu Statec-Zuelen ausgerechent, an déi Rechnung hätt erginn "...datt e Stot, plus ou moins zwou bis 3 Persounen, dee mat Gas heizt, wäert ebe fir d’Joer 2025 mat der Stroumrechnung a mat der Gasrechnung 640 € méi d’Joer bezuelen".

Eng Famill vun 2 bis 3 Leit, déi zum Beispill an erneierbar Energien investéiert huet, mat enger Wäermepompel, wäert sou iwwer 1.000 Euro d‘Joer méi bezuelen.

All Stot wier deemno betraff a misst méi fir d’Grondbesoinen u Stroum a Gas bezuelen, sou d’Member vun der nationaler Koordinatioun vun déi Lénk. Dat Perverst, seet si, géif dora bestoen, datt déi, déi an erneierbar Energien investéiert hunn, och bestrooft ginn. Op hirem eegenen Internetsite hunn déi Lénk dann och eng Petitioun lancéiert, déi e weidert integraalt Deckele vun den Energiepräisser fir 2025 fuerdert.