Nom Äerdbiewen a Japan klëmmt de Bilan vun den Doudesaffer op 18
A Japan ass de Bilan nom uergen Äerdbiewen am Südweste vum Land op 18 Doudeger geklommen. An der Hafestad Yatsushiro goufe fënnef weider Läichen an enger Pabeierfabréck fonnt, déi an de Koup gefall ass. Donieft wieren iwwer 9.000 Leit evakuéiert ginn.
Op der Insel Kyushu war gëschter Moien e Biewe vun der Stäerkt 7,1 notéiert ginn. Gebaier waren doropshin an e Koup gefall, dorënner e Stack vun engem Akafszenter, an deem déi meescht Doudesaffer ze bekloe sinn. Do ginn och nach ëmmer Vermësster gesicht. Op d'mannst dräi Persoune wiere nach vermësst, esou d'Autoritéiten.
D'Äerdbiewen hat eng Stäerkt vu 7,1 op der Richterskala.