Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Bady Minck zu Leeds

Kultur

D'Bady Minck zu Leeds

Zu Leeds, am Norde vun England, weist eng Ausstellung Wierker vun däitschsproochege Kënschtlerinnen aus der Nokrichszäit. Dobäi war ee Film vun der Lëtzebuergerin Bady Minck e grousse Renner bei de Jonken. D’Claire Barthelemy war fir eis kucken.

auto_stories

5 min

headphones

6 min

'Carmen - Enfant Terrible' (2001) vum Renate Bertlmann | © Claire Barthelemy play_arrow
'Carmen - Enfant Terrible' (2001) vum Renate Bertlmann (Foto: Claire Barthelemy)

Eng Fra mécht hire Mond op, an eraus kënnt eng Zong aus Pelz. Déi jonk Fra fiert sech mam Fanger lues iwwer déi pelzeg Zong, a beemol leeft hir en zerdruddelt Stéck Pabeier aus dem Mond. Op deem steet - wéi mat Geeschterhand geschriwwen -  deen éischte Saz vum Franz Kafka senger Erzielung "Die Verwandlung". Den Toun kippt dann an eng ganz bedrolech Stëmmung ëm, wéi an engem alen Horrorfilm.

Pelzeg Häerzer a schaarf Messer

Dat ass dem Bady Minck säi Kuerzfilm "La Belle est La Bête", deen an der Ausstellung “The Traumatic Surreal” am Henry Moore Institute leeft. D’Leit, déi grad virum Bildschierm stoungen, ware vun deene knapp 3 Minutte gefesselt. Den Toun vum Film ass ganz maträissend. Dat ass express sou, seet d’Bady Minck.

“Ech fannen de Sound ass dat Onbewosst, an deen influenzéiert den Zuschauer immens, ouni datt den Zuschauer et mierkt. A wann s de lo ee flaache Sound hues, wéi et bësse Moud ass an Däitschland an Éisträich, am däitschsproochege Raum hu si dacks ee ganz flaache Sound an d’Bild ass super, an dat huet keng Déift fir mech a keng Wierklechkeet.”

An der Ausstellung ass och dem Renate Bertlmann hiert Wierk “Fellherz mit Messer” vun 1987 ze gesinn. Dat ass, wéi den Numm et beschreift, een Häerz aus Pelz, aus deem ee schaarft Messer stécht. 

© Claire Barthelemy
(Foto: Claire Barthelemy)

Dat Messer gesäit een awer réischt, wann een d’Wierk vun der Säit kuckt. Genau wéi en Trauma ass et ëmmer do, och wann een et net gesäit. An et ka ganz onerwaart verletzen. 

Een Dialog tëschent de Wierker kreéieren

D’Bady Minck ass selwer begeeschtert vun der éisträichescher Renate Bertlmann, déi zënter de 70er Joren aktiv ass. Mee well Kënschtlerinnen net eescht geholl an net ënnerstëtzt goufen, war et net einfach, deemools Konscht vun hir ze gesinn.

“Ech hu si sou bewonnert, hir Saachen, awer et war ni am professionelle Beräich a si gouf einfach net ausgestallt.”

Haut gëtt et glécklecherweis méi Ënnerstëtzung. D’Co-Curatrice Patricia Allmer seet, si wollt schonn ëmmer d’Bady Minck och mat de Kënschtlerinne Meret Oppenheim a Birgit Jürgensen zesummen ausstellen. Et géing och drëms goen, een Dialog tëschent de Wierker ze kreéieren, sou d’Patricia Allmer.

“Letting the artwork talk to each other and seeing what they do together is really important. It’s a feminist curatorial strategy of bringing the artworks together and it’s not happening that often with women artists.”

De Surrealismus, deen d’lescht Joer iwwregens seng 100 Joer gefeiert huet, huet gesellschaftlech Normen hannerfrot a sech géint de Faschismus gewiert. D’Fraen hu sech och an hirer Konscht géint de Patriarchat ausgedréckt. Käfeger, Messeren, Plommen a Pelz sinn alles symbolesch Objete mat deenen d’Konschtwierker zu Leeds déi erdréckend Geschlechterrollen an Objektifizéierung vun der Fra kritiséieren. 

© Claire Barthelemy
(Foto: Claire Barthelemy)

Politesch Realitéite kënnen d'Kënschtler virun Hürde stellen

Hei gëtt och den Trauma vun der Nazi-Herrschaft an d’Bedrohung duerch de moderne Rechtsruck thematiséiert. D’Bady Minck, dat tëschent Ettelbréck a Wien lieft, erënnert sech nach gutt un déi éisträichesch Regierung vun 2000, an där d’ÖVP mat der rietsradikaler FPÖ a Koalitioun gaang ass. 

“D’Artisten hunn direkt zesumme gekluddert géint d’Regierung. Well d’Artisten an Éisträich sinn natierlech - also déi allermeescht - géint all deen Nazipak, an dat war eng immens schéi Solidaritéit, an do konnt ee sou richteg vill maachen. Awer natierlech Subventioune gouf et guer keng méi, also keng méi fir eis, déi politesch Artisten.”

Si hat deemools als Protest d’"Elektrofrühstück“ gestart: Dat waren Emailen, déi ganz kulinaresch iwwer de Stand vun der Resistenz an Éisträich informéiert hunn.

© Claire Barthelemy
(Foto: Claire Barthelemy)

Déi politesch Realitéite kënnen de Kënschtler an Éisträich vill Hürden an de Wee stellen, an dofir ass d’politesch Konscht do och esou staark, seet d’Bady Minck.

“An Éisträich muss de als Artist gutt sinn, well du muss dech géint de ganzen Nazipak an all déi Hannerbliwwenheet, dat a Konservatiivt muss de dech wieren. An dofir muss de mat der Gillette kommen.”

D'Aart a Weis vun deene Jonken iwwerrascht

An dat kënnt bei de Leit gutt un. D’Ausstellung zu Leeds war fir den Henry Moore Institute ee Blockbuster. An dat loung och um Bady Minck, well déi pelzeg Zong aus hirem Film, déi huet op de soziale Medien a Groussbritannien d’Ronne gemaach.  

“Ech war iwwerrascht, wéi immens déi Jonk onheemlech op la Belle ausflippen. Dräi Méint laang war la Belle op Instagram an ech hu lo 100 nei Follower, déi ech ni a mengem Liewe gesinn hunn, an déi sech lo géigesäiteg alles Méigleches deelen, an dat hat mech iwwerrascht. Dat hat ech mir net erwaart.”

Déi Jonk ginn op hir Aart a Weis mam Bady Minck hirer Konscht ëm. Dat ass eppes, wat d’Kënschtlerin zimmlech amuséiert.

“Also déi Jonk, déi kommen, déi maache wärend dem Film Fotoe vum Ecran, wou mäi Film leeft, da poste si op Instagram a schreiwen d'Adress vum Kino an da geet matzen am Film d'Dier op an da kommen der nach. Also eng Noliwwerung sou wärend dem Film.”

D’Ausstellung zu Leeds leeft nach bis de 16. Mäerz a bis dohi wäert et sécherlech nach puer Noliwwerunge vu Jonker ginn. Et ass also eng nei Generatioun, déi politesch engagéiert Konscht vu Surrealistinnen entdeckt, an dat an enger Zeit, an där se rëm immens wichteg ass. 

Lauschterenplay_arrow