Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Bauhandwierk zitt een duerchwuessene Bilan fir 2024

Constructioun

D'Bauhandwierk zitt een duerchwuessene Bilan fir 2024

Wat d’Situatioun vum Bauhandwierk ugeet, schwätzt d’Chambre des Métiers vun engem “gemëschte Bild”, mee och vun enger “gewësser Reprise” am Logementssecteur. Allen Entreprisen, déi um Logement hänken, géif et awer um Enn vun dësem Krisejoer besser goen, stellt de Chef-Ekonomist Max Urbany fest. Am Bauhandwierk hätt et och keng “Explosioun vun de Faillitte” ginn.

auto_stories

2 min

D’Zuel vun de Faillitte wier awer liicht geklommen. Donieft géif ee feststellen, datt am méi schwieregen Ëmfeld, méi Entreprisen am Bauhandwierk fräiwëlleg ophalen, esou de Max Urbany.

"Dat si Patronen, déi effektiv ouni Scholden ophalen, propper hire Betrib zoumaachen. Do gesi mir schonn eng Hausse, an dat deet eis natierlech leed, datt do iergendwou den Entrepreneursgeescht duerch esou Krisen e bësse verluer geet."

Insgesamt géif de Bausecteur elo 3.000 Leit manner beschäftegen, wéi am Joer 2021.

"Dat ass traureg fir d’Produktivitéitscapacitéiten an Zukunft."

Gewëss Demande um Logementsmarché erkennbar

D’Zënspolitik wier den Haaptgrond gewiescht, deen zur Kris am Secteur gefouert hätt, esou de Chef-Ekonomist vun der Handwierkerkammer. Wichteg wier elo, datt d’Clienten erëm Vertrauen an de Marché vun de Logementer op Plang kréichen.

"Dat heescht, wat een elo gesäit ass, datt déi existent Wunnengen nees méi dynamesch verkaaft ginn, kaaft ginn. Mee bei de VEFAen, do zécken nach verschidde Leit. An do ass er wierklech un de Promoteuren elo fir ze beweisen, datt de Secteur stabel ass."

Generell geséich een, datt et erëm eng gewëssen Demande um Logementsmarché géif ginn, esou de Max Urbany ronn zéng Méint, nodeem um Logementsdësch ee Mesurëpak ugekënnegt gi war.

"Mir gesinn, datt beim Gros Oeuvre, do schéngt et effektiv nees lues awer sécher biergop ze goen. Mee alles, wat elo um Second Oeuvre hänkt, dat schleeft nach e bëssen. Dat dauert nach e bëssen, éier déi Mesure och wierklech do ukommen."

D’Reduktioun vun den Enregistrementskäschte wier ee ganz staark Signal am Gesamtpak gewiescht, esou de Vertrieder vun der Handwierkerkammer. An deem Kontext begréisst de Max Urbany d’Ukënnegung, datt déi zäitlech limitéiert Steiermesuren ëm een hallef Joer, bis Enn Juni d’nächst Joer, solle verlängert ginn.