arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Bëscher queesch uechter Europa brenne weider, och an den USA gëtt et eng Dréchent

Klima

|
reading time

1 min

D'Bëscher queesch uechter Europa brenne weider, och an den USA gëtt et eng Dréchent

Bei de Bëschbränn a Griichenland huet d'Situatioun sech nach net entspaant. Honnerte Pompjeeën an iwwer 30 Läschfligeren an Helikoptere kämpfe weider géint d'Feiere westlech vun der Haaptstad Athen. Gëschter goufen nach emol eelef Uertschaften evakuéiert.

reading time

1 min

© EPA/YANNIS KOLESIDIS
(Foto: EPA/YANNIS KOLESIDIS)

An Holland ass e Feier an engem Naturschutzgebitt am Oste vum Land no bei der däitscher Grenz ausgebrach. Läschhelikoptere vun der Arméi ware gëschter am Asaz, an e Camping gouf evakuéiert.

A Frankräich sinn déi meescht Feiere fir den Ament ënner Kontroll. De staatleche Wiederdéngscht Météofrance huet awer eng nei Warnung wéinst besonnesch héijem Feierrisiko fir den Departement Var an d'Regioun Provence-Alpes-Côte d‘Azur erausginn.

USA och getraff

Am US-Staat Washington goufe 65.000 Leit evakuéiert wéinst e puer grousse Bëschbränn. Et gëtt eng extreem Dréchent a staarke Wand, den Noutstand gouf ausgeruff. Bei der Stad Sokane goufen engem provisoresche Bilan no tëschent 700 an 1.100 Haiser vun de Flamen zerstéiert.