Besonnesch misst déi sozialpedagogesch Aarbecht an de Grondschoulen nach däitlech méi staark verankert ginn. Dozou géifen ënner anerem preventiv Mesurë gehéieren, wéi d‘Léieren a Stäerke vu sozioemotionelle Fäegkeeten an d‘Léiere vun adequatem Verhalen am Fall vu Konflikter.
arrow_back_ios
100komma7.lu
Staatsbeamtegwerkschaft
|D'CGFP begréisst den Inklusiounsplang fir Schoulen, gesäit awer och nach Potential
D'CGFP begréisst grondsätzlech der Regierung hiren Aktiounsplang fir déi schoulesch Inklusioun. Dat schreift der Staatsbeamtegewerkschaft hire Syndikat vum Erzéiungspersonal fir Kanner mat spezifesche Besoinen an engem Communiqué. Et géif awer nach Verbesserungsbedarf ginn.
(Foto: picture alliance/dpa | Taylan Gökalp)