Et misst am Kader vum Staatsbudget 2025 gekuckt ginn, ob tëschent de verschidde Mesure misst nuancéiert ginn, sou den CSV-Fraktiounschef Marc Spautz. Och misst een d’Präisentwécklung am Ausland am Bléck behalen, well Lëtzebuerg ee Groussdeel net selwer produzéiert. Trotzdeem ass fir de Marc Spautz kloer:
“Sécher ass, mir kënnen den 1.1.2025 net einfach maachen, wéi wann näischt wier. Dat packt d’Ekonomie net, dat packen déi privat Stéit net a mir kréien eng enorm Inflatioun.”
D'DP vertraut sengem Wirtschaftsminister
Bis Enn dëst Joer ass de Stroumpräis agefruer an dee vun de Stéit bezuelte Gaspräis ass op +15 Prozent par rapport zum September 2022 gedeckelt.
Et wier evident, datt dës Mesurë geholl goufen, fir d’Inflatioun an de Grëff ze kréien an d’Kafkraaft vun de Bierger ze stäerken, sou den DP-Fraktiounschef Gilles Baum. Fir een Inflatiounsschock ze evitéieren, missten dës also weiderlafen. A wéi enger Form dat geschéie soll, do vertraut de Gilles Baum sengem Parteikolleeg.
“Ech si fest dovun iwwerzeegt, datt de Minister Lex Delles mat sengem Wirtschaftsministère d’Käpp wäert zesummestrécken, fir eppes ze fannen. Mee wat fir eng Mesuren datt et ginn, a wéi se ausgesinn, dat kann ech Iech net soen, dat ass nach ze fréi.”
LSAP: Suen dohi fléisse loossen, wou se gebraucht ginn
Och d’Oppositioun ass sech eens, datt d’Mesuren net vun engem Dag op deen anere kënnen opgehuewen ginn. D’LSAP-Deputéiert Paulette Lenert géif begréissen, wa sozial Krittären afléisse gelooss ginn an d’Subventiounen net ondifferenzéiert verdeelt ginn.
“Et ass do, wou mir eis wënschen an Zukunft wierklech eppes presentéiert ze kréien, wou een et méi geziilt dohinner orientéiert, wou et am meeschte gebraucht gëtt. Mir sinn a schwieregen Zäiten, an do geet et natierlech och drëms, déi ëffentlech Gelder, déi een an d’Hand hëlt, méiglech effizient zeréckfléissen ze loossen. Dat heescht dohinner, wou se am meeschte gebraucht ginn. Dat anert ass op Dauer net ze stäipen.”
Déi Gréng wënsche sech ee konkrete Plang
Änlecher Meenung sinn och déi aner Oppositiounsparteien. Déi verschidde Präisser musse gestaffelt ginn, sou den David Wagner vun déi Lénk. De Stéit mat méi klenge Revenue misst méi cibléiert gehollef ginn, an et géif ee sech ee Plang wënschen, wéi ee schrëttweis aus den Aiden erausklamme kéint, sou de Meris Sehovic vun déi Gréng. Eleng aus Budgetsgrënn wier et kloer, datt dës Subventiounen net fir ëmmer esou weidergefouert kéinte ginn.
De Sven Clement vun de Pirate kéint sech virstellen, datt d’Energiesubventiounen vun enger gewësser Unzuel u Kilowatt pro Stonn u progressiv ofgebaut kënne ginn.