Dobäi wier 2024, am Réckbléck, kee schlecht Joer gewiescht, mat den 100 Joer vun der Chambre des Salariés an de Sozialwalen. Doropshin hätt d’Regierung dunn d’Diskussioun iwwert d’Pensioune lancéiert.
An d’Salariatskammer eng eege Campagne dozou, net ganz fräiwëlleg, wéi d’Nora Back betount huet. Si ass op e puer Zuelen agaangen, déi vu Patronat a Politik net sou gär géife genannt ginn.
"D’Duerchschnëttsrent bei de Residenten, déi läit bei 3.350 Euro de Mount. Den Duerchschnëttspräis vun engem Zëmmer am Altersheem bei 3.300 Euro. Méi brauch ech dozou net ze soen. 80 Prozent vun de Rentner hunn eng Pensioun vu manner wéi 5.000 Euro."
D’Mindestrent wier vill ze niddreg, an den Aarmutsrisiko vun de Pensionnéierten hätt sech bannent 10 Joer méi wéi verduebelt, sou d’CSL-Presidentin. Si ass géint eng Verschlechterung vun de Pensiounen a géint en Ausbau vun de privaten Zousazversécherungen, mee fir eng Reform am Sozialdialog. Dozou seet de Chamberpresident Claude Wiseler iwwregens, datt een de Sozialdialog wëlle misst, béidsäiteg, am géigesäitege Respekt.
Regierungspak féiert net zu méi Steiergerechtegkeet
D’Upassunge vum Steierbarème un d’Inflatioun huet d’Nora Back begréisst. Dogéint géif den Entlaaschtungspak vun der Regierung net zu méi Steiergerechtegkeet féieren. Dozou sollt et iwwert de Wee vun der ugekënnegter grousser Steierreform kommen. CSV an DP wieren donieft nach op sozialem Plang an déi falsch Richtung ënnerwee.
"Do krute mer elo d’giel Kaart vun der europäescher Kommissioun. An hirem Tableau de bord social, wou si 17 Indicateure moossen, steet Lëtzebuerg 8 Mol net gutt do. Dat ass déi drëttschlechteste Plaz hanner Rumänien a Griichenland. Chômage, Aarmutsrisiko, ongenügend Sozialtransferte si just e puer vun deenen Indicateuren, wou Lëtzebuerg elo souzesoen iwwerwaacht gëtt."
Wéinst dem "Ugrëff op de System vun de Kollektivverträg an der massiver Ausdeenung vun der Sonndesaarbecht" wäert Lëtzebuerg och, wéi d’Presidentin vun der Salariatskammer fäert, traurege Champion bei de working poor bleiwen. Deene Leit also, déi trotz reegelméisseger Aarbecht ënnert der Aarmutsgrenz leien.