Den David Wagner vun Déi Lénk, begréisst de Projet, stellt awer d’Fro, ob dës Investitiounen duer ginn. Doriwwer eraus misst ee sech d‘Fro stellen, wéi een an der Stad eng méi dezentral "Kinospolitik" kéint maachen.
"Also mir hunn elo an der Tëschenzäit 130.000 Awunner, mir hu manner Kinoe wéi an enger Zäit, wou mer hallef esou vill Awunner haten, quitte datt ech weess, datt den Usage vun de Kinoen en aneren ass, hautzedaags natierlech wéi fréier."
Nodeems d’Renovatioun vun der Cinemathéik viraussiichtlech 2029 wäert ofgeschloss ginn, wäert de Parking vun der Theaterplaz ofgerappt ginn an d’Entrée op eng aner Plaz wéi matten op der Theaterplaz verluecht ginn, esou d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer. Momentan géifen Etüde lafen.