search

/ D'Drénkwaasser zu Lëtzebuerg gëtt net knapp - dank der Summervakanz

SEBES-President am Interview

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

D'Drénkwaasser zu Lëtzebuerg gëtt net knapp - dank der Summervakanz

Zënter dem Enn vu leschter Woch gëllt wéinst der Hëtztwell eng Phase de Vigilance orange hei am Land. Héich Temperaturen heescht an der Reegel och e méi héije Waasserverbrauch. Rezent ass do en neie Rekord gebrach ginn. Gëtt d'Waasser elo eventuell knapp?

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / M.i.S. | Bernd Feil / M.i.S.
(Foto: picture alliance / M.i.S. | Bernd Feil / M.i.S.)

D’Waassersyndicat SEBES vun Esch-Sauer versuergt 90 Prozent vu Lëtzebuerg mat Drénkwaasser aus dem Stauséi. Am Juni huet d’SEBES esou vill Waasser geliwwert wéi nach ni.

Op engem Dag waren et 96.000 Kubikmeter – en neie Rekord.

Mat der Schoulvakanz ännert sech och de Waasserverbrauch

Ëm d’Waasserreserven aus dem Stauséi steet et momentan trotz dem grousse Besoin am ganze Land net schlecht. Déi deeglech Kapazitéite vun 110.000 Kubikmeter géingen aktuell net ausgelaascht ginn, erkläert den André Weidenhaupt, President vum Waassersyndicat SEBES.

“Zurzäit fänkt de Schoulcongé un an da fänken d'Leit un esou lues an d'Vakanz ze fueren an duerno kënnt dann och nach de Congé collectif. A spéitstens dann, an dat hu mir nach all Jore beobacht, brécht de Waasserkonsum signifikant an.”

Grondwaasserreserve bereede méi Suergen

Gemenge wéi Esch oder Beetebuerg roden hire Bierger, den onnéidege Waasserkonsum, zum Beispill d’Fëlle vu Schwämmen, ze ënnerloossen.

Datt verschidde Gemengen elo zum Waasserspueren opruffen, heescht net, datt et iwwerall am Land knapp ass, esou de SEBES-President.

Wéi et ëm d’Drénkwaasser steet hänkt vill vun der jeeweileger Gemeng an hire Waasserquellen of, seet den André Weidenhaupt.

“D'Gemengen hunn net all nëmme SEBES-Waasser an hirem Reseau. A wat d'SEBES-Komponent um Waasser ugeet, ass se net akut. Mee wat awer d'Grondwaasserreserven ugeet ass se akut. An dann ass dat ganz kloer, datt d'Gemengen, déi quasi all net op 100 Prozent SEBES-Reserv sinn, datt déi natierlech musse kucken, datt si weiderhi genuch Waasser hunn.”

Bloalge stelle kee Problem duer

D’Haaptstad Lëtzebuerg géing souwuel vum Stauséi Waasser kréien, wéi och iwwer Pëtzen.

Och d’Bloalgen, déi am Summer dacks e Problem sinn, géingen d’Drénkwaasser net beaflossen. Dëst géif aus enger Déift gepompelt ginn, wou d’Algen net optauchen.

play_arrow Lauschteren