Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
search

/ D'EU-Kommissioun schléisst groussugeluechte Krich vu Russland géint Europa net aus

Strategie-Pabeier "Wäissbuch"

D'EU-Kommissioun schléisst groussugeluechte Krich vu Russland géint Europa net aus

Dat geet aus dem neiste Strategie-Pabeier, dem sougenannte "Wäissbuch", iwwert d'Zukunft vun der europäescher Verdeedegung ervir. Sollt Russland seng Ziler an der Ukrain erreechen, géif Moskau seng territorial Uspréch och doriwwer eraus ausdeenen, heescht et an dem Pabeier. Als méiglechen Zäitraum dofir gëtt am Pabeier d'Joer 2030 genannt.

auto_stories

1 min

EU-Kommissioun | © picture alliance / Goldmann | Goldmann
EU-Kommissioun (Foto: picture alliance / Goldmann | Goldmann)

Fir Russland an aner aggressiv Acteuren ofzeschrecken, wëll Bréissel elo esou séier wéi méiglech seng militäresch Kompetenz-Lacunen zoumaachen. Ënner anerem an der Loftverdeedegung a Rakéitenofwier.

Kritik gëtt et dorun, datt am Dokument vill manner explizit wéi Uganks geplangt virun enger Ofhängegkeet vun den USA gewarnt gëtt. De Passage, datt d'USA méiglecherweis d'Notze vu Schlëssel-Elementer fir d'militäresch Asazfähegkeet aschränken oder esouguer stoppe kéinten, wier gestrach ginn.