D’Europäesch Unioun wier de Leader vun der Wäiproduktioun a vum Export op der Welt, dorun huet den Agrar-Kommissär Christophe Hansen an engem Communiqué erënnert. Déi proposéiert Mesurë sollen dofir suergen, datt de Secteur kompetitiv bleift.
An der EU gëtt ze vill Wäi produzéiert an ze mann consomméiert. De Secteur leit an op de sou genannte Wäin-Pak mat verschiddene Mesurë gouf ongedëlleg gewaart.
Eu proposéiert Moossnamen
Et hätt een hei op direkt Demanden aus dem Secteur gelauschtert, gëtt den Agrarkommissär Christophe Hansen an engem Communiqué zitéiert.
D’Moossname ginn effektiv op Recommandatioune vun engem Expertegrupp aus alle 27 EU-Länner zeréck, deen d’Kommissioun zejoert zesummegeruff hat.
Proposéiert gëtt ënner anerem, datt d’Reegele fir nei Uplanzungen ugepasst ginn. Autorisatioune solle méi laang valabel sinn, fir datt Wënzer hir Projete besser un d’Besoinen um Marché adaptéiere kënnen an och fir datt si mat Zorten experimentéiere kënnen, déi dem Klimawandel besser ugepasst sinn.
Finanziell Aide vun de Memberstaaten
D’Länner sollen en plus méi Méiglechkeete kréie fir verschidde Mesurë finanziell ze ënnerstëtze fir d’Iwwerproduktioun opzefänken. Do geet et zum Beispill ëm déi sou genannte gréng Lies, dat heescht d'Erofhuele vun Drauwen am Summer. Och d’Distilléiere vu Wäin, deen net verkaf gouf, an industriellen Alkohol soll dierfen ënnerstëtzt ginn. D’EU stellt hei keng extra Suen zur Verfügung - déi zousätzlech Subsidë kéimen aus de nationale Keesen.
D’Demande no Wäi mat wéineg oder ouni Alkohol geet iwwerdeems erop - dowéinst proposéiert d’Kommissioun eenheetlech Labele fir déi Zort Wäin.
All déi Propose géifen hëllefen de Maart ze stabiliséieren, an de Wënzer nei Méiglechkeete ginn, fir den Erwaardunge vun de Konsumente gerecht ze ginn, sou de Christophe Hansen. Et wier elo un de Memberstaaten an um Europaparlament dee Pak séier ëmzesetzen.