Et wier eng unanime Decisioun vun den EZB-Gouverneure gewiescht, sou d’Christine Lagarde, Presidentin vun der Europäescher Zentralbank den Donneschdeg. Dee wichtegste Leetzëns, deen och d’Zënsen op Prête wäert beaflossen, läit elo nach bei 2,25 Prozent. Zënsbaissë féieren am normalen dozou, datt Kreditter méi bëlleg ginn. Banke kënnen doduerch méi gënschteg Geld bei der Zentralbank léinen.
De Réckgang vun der Inflatioun geet gutt virun, deelt d’EZB mat. Iwwerdeems rechent een awer domat, datt de Wirtschaftswuesstem ënnert dem aktuellen Handelskonflikt mat den USA leide wäert, seet d’Christine Lagarde.
Et wier dowéinst vun enormer Wichtegkeet, datt déi europäesch Wirtschaft weider Resilienz géint international Handels-Stéierungen opbaut. Eng zäitno Ëmsetzung vu Mesurë wéi der europäescher Investissiounsunioun wieren dofir essentiel. Mee och eng Erhéijung vun den Defense- an Infrastrukturausgabe géif dozou bäidroen, déi europäesch Wirtschaft ze stäerken, och wann dëst d’Inflatioun nees ukuerbele kéint. D’Presidentin vun der EZB huet ofschléissend nach eng Kéier drop opmierksam gemaach, datt d’Zäiten net previsibel wieren. D’EZB géif dowéinst weider un hirer „Meeting by Meeting“ Approche festhalen, fir ze garantéieren, datt all weider Decisioun op deenen aktuellsten Date baséiert.