Radioen

On air

Moiesstudio  |  Lizzo - Love in Real Life

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Egalitéit tëschent Mann a Fra ass nach net erreecht: Och net zu Lëtzebuerg

Commentaire

D'Egalitéit tëschent Mann a Fra ass nach net erreecht: Och net zu Lëtzebuerg

Zënter 1911 gëtt sech um Internationalem Fraendag fir d’Gläichberechtegung, d’Fraewalrecht an d’Emanzipatioun vun de Fraen, déi schaffen, agesat. Dee Kampf schéngt seng Friichten ze droen. Ëmmerhin hunn d’Fraen zu Lëtzebuerg zënter 1919 d’Walrecht. An der Verfassung ass d’Gläichstellung tëscht Mann a Fra festgehalen. An iwwer 67 Prozent vun de Fraen hei am Land gi schaffen. Firwat et grad haut wichteg ass, sech weiderhi fir déi Cause anzesetzen, erkläert d’Ana Angel an engem Commentaire. 

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Ech kéint mir et einfach maachen, an op d’Situatioun am Ausland opmierksam maachen, fir ze erklären, firwat et a mengen Aen haut ëmsou méi wichteg ass, sech fir d’Rechter vun de Fraen anzesetzen. Dofir brauche mer net bis an Afghanistan kucken ze goen, wou d’Frae systematesch aus dem ëffentleche Liewen eliminéiert ginn, den Zougank zu Schoul a Medezin verwiert kréien.

Nee, och net den Iran, wou Frae liewenslaang agespaart ginn oder souguer d’Doudesstrof riskéieren, wa si hire Voile net richteg undinn.

Och net bis an d’USA musse mir goen, wou d’Recht op Ofdreiwung gekippt gouf an domat de Fraen hirt Recht op Selbstbestëmmung iwwert den eegene Kierper ofgeholl gëtt. 

Ass den Gender Pay Gap wierklech en Faveur vun de Fraen?

D’Statistiken hei aus dem Land ginn duer, fir genuch Argumenter ze hunn, fir sech weiderhi fir d’Rechter vun de Fraen anzesetzen.

Et ginn zwar Statistiken, déi de Contraire soen, mee déi muss ee relativiséieren. Zum Beispill huet de Statec jo zejoert, um Weltfraendag, eng Statistik erausbruecht, déi seet, datt den gender Pay Gap zu Lëtzebuerg, als eenzegt Land weltwäit, en Faveur vun de Fraen ass. Gekuckt gëtt an der Etüd awer net, wéi vill d’Frae wierklech verdéngen. Nee, et gëtt de Stonneloun gekuckt.

Alarmanten Gender Pensions Gap

Lëtzebuerg steet, an et ass wierklech net fir stolz drop ze sinn, op Plaz 3 vum Gender Pensions Gap, mat 38,8 Prozent. Dat geet aus enger europäescher Etüd vu leschtem Joer ervir. Laut der selwechter Etüd hate Fraen am Pensiounsalter an der EU am Duerchschnëtt 26 Prozent manner Akommes wéi d’Männer am Pensiounsalter. 

Eng vu fënnef Fraen, also 20 Prozent sinn an der Europäescher Unioun vum Aarmutsrisiko betraff. Zu Lëtzebuerg sinn d’Zuelen net besser. Laut der Inspection generale de la securite sociale, der IGSS hu Fraen am Joer 2022 am Duerchschnëtt 2.600 verdéngt, Männer iwwerdeems 4.000. An der Etüd gëtt dann och op d’Erklärung agaangen – eng vun dräi Frae schafft Deelzäit zu Lëtzebuerg. 

Finanziell Ofhängegkeet duerch Deelzäitaarbecht

Dat kléngt fir vill Ouere schéin – manner schaffen. Datt natierlech fir vill Fraen nach ëmmer de Gros vun der Care-Aarbecht doheem ufält, also d’Kachen, d’Botzen, d’Këmmeren ëm d’Kanner, a sou weider, ass déi eng Saach. Ëmmerhi schaffe bal 37 Prozent vun de Fraen, déi Kanner hunn, Deelzäit. Bei de Fraen déi keng Kanner hunn, sinn et manner wéi 20 Prozent.

Déi aner Saach ass d’finanziell Ofhängegkeet, wärend de Joren an deenen ee schafft, an, wéi schonn erkläert, d’Joren nodeems ee schafft. D’Grënn, wisou Fraen Deelzäit schaffen, si bis ewell nach net a Statistike festgehalen. Eng Pist, déi ee vläicht Undenke kéint: Ass et, fir méi Zäit fir d’Famill ze hunn? Ass et, well ee keng Schaff kritt, op där ee Vollzäit schaffe kann? 

"Autres services"

Da kéint een an de lafenden Diskussioune beispillsweis ëm eng méiglech Pensiounsreform oder nach d’Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten, sech dës Realitéit virun Ae féieren.

Well souguer an der Ausschaffung vun dëse Statistiken, ass nach Loft no uewen: A sou munche Statistike vum Statec zum Beispill, gi Beruffer an deene majoritär Frae schaffen als "autres services" kategoriséiert. Deemno wier et vläicht intressant sech déi Servicer mol unzekucken, domat géif een och d’Realitéit vu ville Frae besser verstoen. 

  Lauschterenplay_arrow