arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Ëmsetzung vun de Reformen am Prisongs- a Jugendberäich geet net séier genuch virun

Ombudsman

|
reading time

2 min

D'Ëmsetzung vun de Reformen am Prisongs- a Jugendberäich geet net séier genuch virun

D’Ombudsman Claudine Konsbruck fuerdert an hirer Fonktioun als Controleur externe des lieux privatifs de liberté eng méi séier Ëmsetzung vun de Reformen am Prisongs- a Jugendberäich.

reading time

2 min

© Sophie Schroeder
(Foto: Sophie Schroeder)

An dem Joresrapport vun 2025 gëtt op en neits op Mängel ënnert anerem am centre pénitentiare Ueschterhaff higewisen, virun allem bei der Gesondheetsversuergung an den Haftbedingungen. 

Ze wéineg therapeutesch Offer

Kritiséiert gouf och d’Situatioun vun de Fraen am Prisong, hei géif et net genuch ugepassten Infrastrukture ginn.

Bei der Secherheetsunitéit fir Mineuren UNISEC zu Dräibuer wieren zwar Verbesserunge festgestallt ginn, mee nach ëmmer géif et hei ze wéineg therapeutesch Offere ginn. Am Beräich vun der Psychiatrie plädéiert den Ombudsman fir eng méi strikt Kontroll vun Zwangsmoossnamen an eng besser Dokumentatioun.

Fuerderung no méi Kontrollen

Allgemeng géifen hir proposéiert Mesuren net séier genuch ëmgesat ginn, sou nach d’Ombudsman Claudine Konsbruck.

"Les choses ne bougent pas assez rapidement. On fait des rapports qui sont lues par les différentes autorités. Et s'il y a des Adaptations ponctuelles mineures à faire, elles sont faites rapidement. Mais souvent ce sont des problèmes structurels."

Déi bréichten dann ee règlement grand-ducal, esou d'Claudine Konsbrück. 

"Cela prend plus de temps. Mais ce que nous allons faire dans l'avenir, c'est d'assurer plus, on va essayer de faire plus de suivi de nos rapports pour voir une année ou deux ans après. Qu'es qui a été réalisé? Et qu'est -ce qui reste à faire?"

D’Ombudsman huet am Kader vum Joresrapport och op en neits eng Erweiderung senger Funktioun als Contrôleur externe des lieux privatifs de liberté gefuerdert. An Zukunft sollen deemno och Kontrolle beispillsweis a Foyere fir Leit mat Beanträchtegungen oder fir eeler Leit méiglech sinn, sou nach d’Fuerderung.