arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Feieralarm-Systemer hunn net richteg funktionéiert, 128 Doudeger wéinst Brand

Hong Kong

|
headphones

1 min

D'Feieralarm-Systemer hunn net richteg funktionéiert, 128 Doudeger wéinst Brand

Beim Feier an de groussen Appartementshéichhaiser zu Hong Kong hunn d‘Feieralarm-Systemer an allen aacht Bléck net richteg funktionéiert. De Bilan vum Feier ass op 128 Doudeger geklommen.

headphones

1 min

EPA/MAY JAMES | © EPA/MAY JAMES
Feier zu Hong Kong (Foto: EPA/MAY JAMES)

Dosende Leit ginn nach vermësst. 79 Mënsche goufe blesséiert.

D‘Ursaach vum Feier gouf nach net identifizéiert. Experte sinn amgaangen ze ënnersichen, a wéi wäit Styropor baussent de Fënsteren dozou bäigedroe kéint hunn, datt d‘Feier sech séier ausgebreet huet.

Och Gerüster aus Bambus, déi fir Renovatiouns-Aarbechten opgeriicht goufen, hu séier gebrannt. Bambus-Gerüster ginn heefeg an asiatesche Länner gebraucht.

D‘Autoritéiten zu Hong Kong soten, si géifen eventuell nei Reegelen aféieren, dass an Zukunft Stol-Gerüster musse gebraucht ginn. Dräi Responsabel vun de Renovatiouns-Aarbechte goufe festgeholl wéinst Verdacht vun onfräiwëllegem Doutschlag.