Radioen

On air

Notturno  |  Secret Night Gang - When Will The Sun Rise Again

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Hallschent vun de schaffende Leit leide wéinst der Aarbecht ënner psychesche Problemer

Quality of Work Index

D'Hallschent vun de schaffende Leit leide wéinst der Aarbecht ënner psychesche Problemer

Zu Lëtzebuerg leiden, engem Rapport no, ëmmer méi Salariéeë wéinst hirer Aarbecht ënner gesondheetleche Problemer. D’Chambre des Salariés huet mat de Salariéen iwwert déi direkt an indirekt Konsequenze vun der Aarbecht op d’Gesondheet geschwat. D’Hallschent vun de Salariéë ginn am Rapport un, wéinst hirer Aarbecht ënnert gesondheetleche Problemer ze leiden. 

auto_stories

3 min

headphones

2 min

Symbolfoto | © picture alliance / Zoonar | Boris Zerwann play_arrow
Symbolfoto (Foto: picture alliance / Zoonar | Boris Zerwann)

Geschriwwe vum Jimmy Bruch

Fir de Quality of Work Index stoung virun allem d’Consommatioun vu Substanze wéi Alkohol a Nikotin awer och Medikamenter am Fokus. D’Auteure vum Quality of Work Index hunn dobäi all Persoun consideréiert, déi op d’mannst 10 Stonnen d’Woch zu Lëtzebuerg schaffen. Den Index gëtt op enger Skala vun 0 bis 100 ausgerechent, an där déi verschiddenste Critèrë wéi Depressiounen, Schlofmangel, awer och zum Beispill d‘Kooperatioun tëschent Mataarbechter:inne berécksiichtegt ginn.

Op déi lescht 10 Joer eng signifikant Tendenz no ënnen

Den David Büchel, Aarbechtspsycholog a Coordinateur vum Rapport, erkläert, datt den Index fir 2024 dobäi bei 54,3 louch. Eng liicht Verschlechterung par rapport zum leschte Joer.

"Statistesch gesinn net relevant. Mee wann een awer iwwer 11 Joer kuckt muss ee soen dass mer am Ufank awer bei 56,2 waren, wat awer schonn eng negativ Tendenz no ënnen ass déi och signifikant ass.”

Ongläichheeten tëschent de Kategorien

Et géif kloer Grënn dofir ginn, datt een e generellen Trend no Ënne feststellt. Net alleguerten d’Salariéë wieren d’nämmlecht staark betraff, sou den David Büchel:

"Well d’Kadenze méi staark gi sinn, d’Komplexitéit vun den Tâchen an d’Leit och manner Autonomie och hunn op hirer Aarbecht fir domat eens ze ginn."

Hie mécht och op Ongläichheeten tëschent de Kategorie vu Salariéen opmierksam. Deemno wieren d‘Konditioune besser fir sougenannt intellektuell Beruffer a Leit, déi am Teletravail schaffen.

"Op där aner Säit awer manner gutt Konditioune fir déi, déi atypesch Horairen hunn oder an der Industrie oder d’Services directes a vente Schaffen."

Net genuch Preventioun

Net all Salarié ass am gläiche Mooss betraff. Mee och do zeechne sech ëmmer nees déi nämmlecht gesondheetlech Affektatiounen of, an dat souwuel kierperlech wéi mental, präziséiert den David Büchel:

"Et bleiwe Problemer mam Réck, mir hunn eng Augmentatioun bei den troubles de sommeil a bei troubles d’estomac. An och bei den Depressiounen hu mer ganz héich Wäerter déi och an d’Luucht gaange sinn déi lescht 10 Joer."

D’Auteure vum Quality of Work Index stelle fest, datt vill vun dëse Problemer duerch e Mangel u Preventioun kéinten erkläert ginn. Et géing zwar wuel déi eng oder aner Ulafstell gi fir Leit, där hir Gesondheet riskéiert ënnert der Aarbecht ze leiden, mee generell wier den Accès op sou Mesurë limitéiert an ongerecht verdeelt.

Lauschterenplay_arrow