Déi gesäit vir, datt d’Memberstaate hire Mindestloun sollen u 60 Prozent vum Medianloun orientéieren. Iwwerdeems schwätzt d’Federatioun sech fir e komplett Ofschafe vum qualifizéierte Mindestloun aus.
Betriber wëlle selwer iwwer Qualifikatioun decidéieren
De qualifizéierte Mindestloun steet jidderengem zou, deen eng Berufsqualifikatioun a Form vun engem Diplom oder e bestëmmten Zertifikat huet. Wann et der Federation des Artisans no géif goen, misst deen ofgeschaaft ginn.
De Romain Schmit, Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun, ass sech bewosst, datt dat eng staark Fuerderung wier. Mee:
"Mir sinn der Meenung, datt d'Betriber d'Qualifikatioun selwer kënne valoriséieren an datt se och genuch Moyenen hunn, fir dat ze maachen, datt se net brauchen en Externen ze hunn, deen hinne seet wéini esou wäit ass, fir eng Qualifikatioun ze valoriséieren. Dofir, mir si grouss Jonge, mir kënnen dat selwer."
Och wa just 9 Prozent vun de Salariéeën am Handwierk de Mindestloun, an 11 Prozent de qualifizéierte Mindestloun kréien, hätt eng Erhéijung trotzdeem e gréisseren Effekt op déi ganz Entreprise.
Wann de Mindestloun gehuewe géif ginn, missten och all déi aner Léin gehéicht ginn, fir Qualifikatiounen, Beruffserfarung a Kompetenzen ze valoriséieren, esou d’Handwierkerfederatioun.
Keng Erhéijung, dofir Steiererliichterung
Amplaz de Mindestloun ze héijen, sollt de Staat déi Leit steierlech entlaaschten, esou d’Patronatslobby. Esou géifen d’Betriber selwer och manner belaascht ginn, seet de Romain Schmit.
"Komm mer maachen et vun Ufank un net a mir maachen et direkt eng zilgeriichten Hëllef bei deene Léin ronderëm de soziale Mindestloun. An dat wier dann effektiv ee Crédit d'impôt, dee mer um soziale Mindestloun op bis 150 Prozent oder esouguer bis zweemol Mindestloun kënnen ariichten an där Héicht wéi et de Politiker gefält."
Iwwerdeems kéint ee Primme fir Aarbechter, déi manner verdéngen och manner besteieren. Dat wier virdeelhaft fir d’Aarbechter, ewéi fir d’Betriber, esou nach de Romain Schmit.
Donieft fuerdert d’Federation des Artisans eng Tripartite Bewäertungskommissioun, déi d’Entwécklung vum Mindestloun soll begleeden.