Just de Fred Keup vun der adr huet gemengt, et sollt ee keng Panik maachen, well waarm Summeren hätt et nach ëmmer ginn. Déi aner Riedner hunn dat ganz anescht gesinn an där Aktualitéitsstonn, déi vun der grénger Deputéiert Djuna Bernard ugefrot gi war.
Déi huet ënnerstrach, datt d'Hëtzt gewëss Gruppe vu Leit méi haart trëfft. Dofir misste Mesuren ergraff ginn, esou d'Djuna Bernard.
"Mir sinn der Meenung, datt et en nationalen Hëtztschutzplang brauch, deen dësen Numm verdéngt. Klimafest Gebaier fir déi, déi se am dréngendste brauchen. Mir brauchen eng verbindlech Summeraktioun fir Mënschen ouni Wunneng. Ofkillung am ëffentleche Raum, déi soll zougänglech si fir jiddereen."
Gemengen hätte bei der Canicule matgehollef
No där anerer Meenung vum Fred Keup huet de Marc Baum vun déi Lénk fonnt, datt de Klimawandel eng Realitéit wier a keng Meenung. Och den DP-Familljeminister Max Hahn sot, et hätt een esou eppes nach net kannt. Fir ze betounen, datt de Staat bei Moossname fir beispillsweis Sans-abrie virun allem vun 3 Gemenge gehollef krut.
"Ettelbréck, d'Stad Lëtzebuerg an Esch hunn eis hei eng gutt Hand mat ugepak, fir eebe grad moies fréi an owes spéit eis bestehend Offer weider ze erweideren."
Zesumme mat der Stad géif geschwënn eng Buanderie sociale a Betrib geholl ginn an et géifen nei Strukturen zu Esch an zu Eech entstoen, sot de Max Hahn.
SAMU social schéngt an de Startlächer ze stoen
Deem seng Regierungskolleegin Martine Deprez huet erkläert, datt de Plan canicule fonctionéiert hätt, awer kéint verbessert ginn. Zum Beispill duerch e SAMU social, dee scho méi laang ugeduecht wär:
"Mir si prett, d'Camionnette ass prett, an haut ass eng éischt Reunioun, fir ze kucken, wéi dat Konzept soll ëmgesat ginn, wéi deen dann aktiv gëtt a wou deen detailléiert en place gesat gëtt."
Fir d'CSV-Gesondheetsministesch, no där nach keng genee Chiffere virleie géifen, wier d'Mortalitéit, der Zuel vun Doudescertificaten no, an der rezenter Canicule och wuel liicht an d'Luucht gaangen.