Radioen

On air

Tockcity  |  Courteeners - The Beginning Of The End (feat. DMA'S)

play_arrow Live
search

/ D'Hotelsschoul kritt ee Site zu Wickreng

Vun nächste Rentrée un

D'Hotelsschoul kritt ee Site zu Wickreng

Nieft dem éischte Standuert zu Dikrech, soll deen zu Wickreng och de Schüler:innen aus dem Süden an dem Zentrum vum Land Zougang zu den Hotelsschoul-Formatioune vereinfachen. Dat annoncéiert den Educatiounsminister Claude Meisch virun der Press.

auto_stories

1 min

Weider wéilt ee mat deem neie Site och géint de Besoin vu qualifizéierte Fachleit am Horeca-Secteur gerecht ginn, deen ëmmer méi grouss gëtt.

Dëst wier awer nëmmen eng Iwwergangsléisung, esou nach den DP-Minister. Et wéilt ee laangfristeg d’Schlass zu Suessem als Site fir de Süden ëmbauen. 

Den neie Site zu Wickreng mécht an zwou Etappen op. Am September sollen déi éischt fënnef Formatiounen ugebuede ginn. 2026 sollen dann nach véier weider Formatiounen dobäi kommen.