Am Mee gouf et zu Lëtzebuerg eng Inflatioun vun 2,3 Prozent, esou de STATEC a sengem Schreiwes. Et ass déi zweet Indextranche bannent de leschten 13 Méint.
Wéini eng nächst Indextranche erfält, ass nach net gewosst - dat géif vun der Ouverture vun der Strooss vun Hormus ofhänken, hat de STATEC-Direkter Tom Haas am Mee am 100,7-Interview erkläert.