15 bis 20 Millioune Leit gi sech an der Haaptstad erwaart, fir dem Ayatollah Ali Khamenei ze gedenken.
Keng europäesch Staatscheffen invitéiert
Et soll sech ëm dat gréisst Begriefnis an der Geschicht vum Iran handelen. Domat wëllt den Iran Stäerkt weisen an Zäite vum Krich mat den USA.
Zënter 1979 war den Ali Khamenei den ieweschte reliéise Leader am Iran.
Virum Begriefnis huet ee Spriecher vum iraneschen Ausseministère op en Neits déi westlech Ënnerstëtzung fir Israel an USA bei hirem Ugrëff op den Iran verurteelt. Et si keng europäesch Staatscheffen invitéiert.