"The 6th Country making it to the final is....Luxembourg!"
Vun den 10 Finalisten, déi an enger zoufälleger Reiefolleg opgezielt goufen, misst d’Laura Thorn net grad esou laang waarde wéi d’Tali d’lescht Joer: Lëtzebuerg gouf gëschter Owend schonn als 6. Finalist opgeruff. Fir déi 25 Joer jonk Sängerin een emotionale Moment.
“Ech sinn duerch all Emotiounen haut gaangen: Laachen, kräichen, hysteresch laachen a hysteresch kräischen, voilà. A lo sinn ech esou an enger down-phase, elo hunn ech mech berouegt.”
Déi vill Prouwen hu sech gelount
Mam Lidd “La poupée monte le son” als moderne Remake vum Lidd “Poupée de cire poupée de son” vun der France Gall, déi viru genee 60 Joer fir Lëtzebuerg d’Eurovisioun gewonnen huet, wäert de Grand-Duché also och dëst Joer nees an der Finall vertruede sinn.
De Lëtzebuerger Delegatiounschef Eric Lehmann weist sech immens zefridde mam Optrëtt.
“Et war ee vun de beschte Momenter muss ech soen. Mir hu jo esou vill geprouft. D’Laura huet jo esou vill Reherasals gehat iwwer déi ganz Woch, an ech muss soen, dat heite war eng vun de beschte Performancen.”
Wéi vill Stëmme vum Public d’Laura Thorn krut an déi wéi villt Platz Lëtzebuerg an dëser Halleffinall beluecht huet, gëtt eréischt no der Finall publizéiert.
Favorit Éisträich steet an der Finall
Déi zweet Lëtzebuerger Vertriedung ass awer net weider komm, nämlech Tschechien mam Lidd “Kiss Kiss Goodbye”, dat den Adriano Selva, alias CHAILD, matgeschriwwen huet.
Wéi d’Bookmarkers et virausgesot haten ass och nach de Favorit Éisträich weiderkomm, grad ewéi Israel, Finnland, Malta, Litauen, Griichenland a Lettland. Éischter Iwwerraschend war, datt Armenien an Dänemark weider komm sinn, an Australien awer net.
Vill Zäit fir Erhuelung bleift net. Direkt haut um Freideg geet et weider mat der Generalprouf fir déi grouss Finall muer. Do trëtt Lëtzebuerg dann nach géint am ganze 25 Konkurrenten op. Dorënner ënner anerem d’Nopeschlänner Frankräich an Däitschland.