Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Lëtzebuerger Justiz brauch een neien, méi grousse Site

Fir méi effikass ze schaffen

D'Lëtzebuerger Justiz brauch een neien, méi grousse Site

Den Thierry Hoscheit huet de Besoin vun enger neier Cité judiciaire op engem neie Site an der Stad Lëtzebuerg widderholl. D’Deputéierten haten de President vun der Cour supérieure de justice den Donneschdeg invitéiert, fir een Iwwerbléck iwwert déi aktuell Problemer ze kréien, dorënner och d’Infrastrukturproblemer.

auto_stories

1 min

Thierry Hoscheit | © Serge Kesseler
Den Thierry Hoscheit ass President vun der Cour supérieure de justice. (Foto: Serge Kesseler)

D‘Lëtzebuerger Justiz bräicht eng Infrastruktur, déi grouss genuch ass, fir all d‘Leit op enger Plaz kënnen ze regroupéieren, déi am Moment an der Cité judiciaire an a Satellitebüroe schaffen „fir d'Zesummenaarbecht besser ze organiséieren, fir d'Liewe fir d'Affekot nach méi einfacher ze maachen, déi op verschidde Sëtzungssälle musse plädéieren“, sou den Thierry Hoscheit no der Sitzung.

Den Thierry Hoscheit

Lauschterenplay_arrow

Een neie Site misst och zukünfteg Evolutiounen anticipéieren a Plaz fir weider Magistraten a Fonctionnairë bidden.

Déi aktuell Cité judiciaire war 2008 opgaangen. Schonn deemools wieren d’Limitte vun de Gebaier visibel gewiescht, esou den Thierry Hoscheit. Elo wier definitiv net méi genuch Plaz fir all d’Justiz-Instanzen a -Servicer op engem eenzege Site.

Schonn am Aktivitéitsrapport vun de Juridictions judiciaires hat den President vun der Cour supérieure de justice Thierry Hoscheit Ufank vun dësem Joer recommandéiert, den aktuelle Site um Helleg-Geescht-Plateau opzeginn, an eng nei Cité judiciaire ze bauen