Radioen

On air

Notturno  |  Trappers - Rainbow Coloured Stone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Logementspräisser zéien nees un

"Le logement en chiffres"

D'Logementspräisser zéien nees un

Dës Woch gouf déi 70. Editioun vum Rapport "Le logement en chiffres" vum Logementsministère virgestallt. Aus deem Rapport geet ervir, datt d'Aktivitéit Enn 2024 erëm zougeholl huet. Ënner anerem ass et déi éischte Kéier zënter zwee Joer, datt een nees eng Hausse vun de Präisser um Logementsmarché verzeechne kann.

auto_stories

2 min

headphones

4 min

© Max Bauerfeind/Bigstock play_arrow
(Foto: Max Bauerfeind/Bigstock)

De Julien Licheron, Wëssenschaftler vum Luxembourg Institute of Socioeconomic Research, erkläert am 100,7-Interview, wat dës Observatioune konkreet bedeiten. Grad am véierten Trimester 2024 wier vun engem Retour vun den Aktivitéiten um Marché markéiert ginn.

"Surtout sur le segment des logements existants, à la fois appartements et maisons existantes, où on a vraiment des niveaux d'activité qui sont très proches, voire même légèrement supérieurs à ceux qu'on avait avant la crise, c'est-à-dire sur la période 2017-2021. Pour ce qui concerne les prix, on a aussi un petit retour à une hausse de prix, pour la première fois depuis la fin 2022. Il semble qu'on voit le bout du tunnel, en tout cas sur l'existant, et que la crise semble passer."

Mat där Kris ass d'Covid-Pandemie gemengt: Eng Zäit, wou méi wéi een ekonomesche Secteur staark gelidden huet.

Zënstauxe si méi previsibel

Datt een um Enn vun enger Kris am Logement schwätze kann, dat versteet sech als positiv, mee a wéi wäit kann een dann trotz enger Hausse vun de Präisser um Immobiliemarché vun enger positiver Entwécklung schwätzen? De Julien Licheron erkläert, datt grad am Joer 2023 sech ganz wéineg um Marché gedinn huet. Dofir wier de Retour vun den Aktivitéiten ëmsou méi positiv ze gesinn.

"Donc, de ce point de vue, que les transactions repartent parce que les taux d'intérêt sont plus prévisibles, parce que les prix ont baissé, et ça a aussi relancé l'activité parce que ça a permis aux ménages de retrouver du pouvoir d'achat, ça c'est quand même relativement positif."

De Rapport vergläicht haaptsächlech d'Zuele vum véierten Trimester 2024 mat den Zuele vu virun der Pandemie. 

Lauschterenplay_arrow