D’Kandidatur vum LSAP-Deputéierte Georges Engel fir Co-Parteipresident ze gi louch scho länger um Dësch. Elo ass dann och eng Kandidatin fir de weibleche Presidenteposte fonnt: D’Maxime Miltgen.
Keng Impuls-Decisioun
Si hätt sech bewosst laang Zäit gelooss, fir dës Entscheedung ze treffen, esou d’Maxime Miltgen am 100,7-Interview. Well si hire Papp viru 4 Méint verluer huet, hätt si sech vill Froe gestallt, wéi d’Liewen elo sollt virugoen.
“Ech hu mir ganz bewosst Zäit geholl. Et ass keng Decisioun, déi een impulsiv trëfft. Mee ech sinn zu 150 Prozent - an nach méi - motivéiert.”
Virun hir hate schonn e puer Persounen ofgewonk, notamment Deputéiert. D’LSAP-Politikerin bedauert awer net, datt déi Leit aus der éischter Linn ofgeleent hunn. All Mënsch misst dës Decisioun fir sech selwer treffen, seet d’Maxime Miltgen.
Presidence ass kee "Selbstbedienungsladen"
Virun allem awer mengt si, datt hire Profil, an dee vum Georges Engel, sech gutt ergänzen.
“Mir hunn d’Chance, datt et déi Co-Presidence gëtt. Chance, fir zwee verschidde Profiller ze hunn. De Georges Engel als Deputéierten aus der Chamber, wat ee Kosmos fir sech ass. Ech kommen aus enger anerer Welt. Ech mengen, datt mir eis extreem gutt ergänzen.”
Hir aktuell Aarbecht an der Fraktioun leet d’Maxime Miltgen nidder.
De Poste vum Parteipresident gëtt engem automatesch och méi Visibilitéit. Net onwichteg, grad en vue vun de Chamberwalen 2028. D’Presidence wier awer kee "Selbstbedienungsladen", betount déi Stater Gemengeconseillère. Et géing hir dorëms goen, datt wa si als Presidentin gewielt gëtt, dofir ze suergen, datt d’Partei inhaltlech esou staark opgestallt ass, datt een d’Wale gewanne kéint. "Nëmmen dorëms geet et mir."
Eng Spëtzekandidatur am Zentrumsbezierk géing si aktuell "guer net" intresséieren, seet d’Maxime Miltgen.
Net ëmmer nëmme kritiséieren
Als Co-Parteipresidentin wäert d’Maxime Miltgen d’LSAP an zwee Joer duerch de Walkampf féieren. Dofir géing et elo dorëms goen, sech inhaltlech opzestellen an de Message, deen d’Partei verbreede wëllt, mat Courage no baussen ze droen. Ëmmer nëmme mam Fanger op déi Rietsradikal ze weise géing och näischt bréngen.
“Mir mussen aus der Schockstarre erwächen an net ëmmer nëmme kritiséieren an op d’Geschicht hiweisen. Mir brauche kloer Léisungen zu de Problemer, déi et ginn.”
Neie Grondsazprogramm mat neier Sprooch
D’Partei ass dann och dobäi, een neie Grondsazprogramm auszeschaffen, deen nächste Samschdeg um Kongress presentéiert soll ginn. Déi lescht Versioun staamt aus dem Joer 2002. Der Maxime Miltgen hire Parteikolleeg Max Lehners huet am Tageblatt gesot, et misst ee méi modern, manner radikal a manner gewerkschaftsno sinn.
D’Maxime Miltgen weist am 100,7-Interview awer drop hin, datt hien dat am Zesummenhang mat der Sprooch gemengt hat, an net mat der Parteiideologie. All Zäit hätt hir eege Sprooch, esou d’Presidentin vun de Femmes socialistes. Och de Begrëff vun der Aarbecht gouf nei definéiert, dat och am Kontext vun de Plattformaarbechter:innen.
Maxime Miltgen ka Ben Streff Kritik deels novollzéien
Déi rezent Tensiounen an der LSAP, ausgeléist duerch Kritik vum Ex-Parteimanager Ben Streff, konnt d’Maxime Miltgen vu ganz no verfollegen. De Ben Streff, deen den Ex-Minister aus der Partei virgeworf hat, sech net genuch um Terrain ze weisen, wier nach ëmmer e gudde Kolleeg vun hir an och nach ëmmer en "treie Member vun der Partei", betount d’Maxime Miltgen.
Deels ass si mat senger Kritik averstanen. Wéi d’Partei kommunizéiert a wéi een d’Politik no bausse verkeeft, misst definitiv iwwerschafft ginn. Si hätt dës Kritik allerdéngs no banne gedroen, an net un de Public.
Weltfraendag: Nach wäit ewech vun der Gläichstellung vun de Geschlechter
Nächste Sonndeg ass Weltfraendag, wou och d’Marche feministe stattfanne wäert, déi d’Maxime Miltgen fir de JIF (Journée Internationale des Femmes) matorganiséiert. D’Haaptheema dëst Joer ass d’Gesondheet.
Datt d’Recht op Ofdreiwung elo an d’Verfassung geschriwwe soll ginn, wier e wichtege Schratt, an e "geniale Moment", seet d’Maxime Miltgen. Mee: Um Niveau vun der Verfassung géing nach vill ze maache bleiwen.
De JIF fuerdert ënner anerem, datt den Delai vum Avortement op 14 Woche verlängert gëtt, an datt den Zougank op Verhütungsmëttel an d’Verfassung geschriwwe gëtt. Dofir bedauert si an de JIF, datt d’Initiativ net méi wäit gaangen ass.
Bei der Gläichstellung vun de Geschlechter wier een nach laang net do, wou ee gäre wéilt sinn.