Mat den Neiegkeete gëss du all Samschdeg a manner wéi 3 Minutte gewuer, wat Lëtzebuerg beweegt. Mir benotzen eng einfach verständlech Sprooch a schwätzen e bësse méi lues, fir datt s du unhand vun der Realitéit däi Lëtzebuergesch kanns trainéieren.
D’Neiegkeete fënns du all Samschdeg nei an der 100,7-App an op 100komma7.lu. Lued dir d’App op däin Handy, lee dir en Account un, an abonnéier dech op de Podcast, fir keng Episod ze verpassen. Parallel zum Audio kanns du d’Transkript och matliesen.
D’Neiegkeeten entspriechen de selwechten, journalistesche Standarde wéi déi ganz Offer vum ëffentlech-rechtleche Radio 100,7: Iwwerpréift Informatiounen iwwer Lëtzebuerg, deenen s du vertraue kanns. Ouni Publicitéit an ouni kommerziellen Hannergedanken. Fir all d’Mënschen, déi Deel vun der Lëtzebuerger Gesellschaft sinn.