Radioen

On air

Concert  |  Klassik Live

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ëmmer manner Fraen huelen um nationale Screeningprogramm fir Broschtkriibs Deel

Santé

Ëmmer manner Fraen huelen um nationale Screeningprogramm fir Broschtkriibs Deel

D‘Santé an de Groupe "Epican" vum Luxembourg Institute of Health hunn ee gemeinsame Rapport iwwer den nationale Programm fir d‘Fréierkennung vu Broschtkriibs publizéiert. Et ass déi éischte Kéier, datt esou eng Evaluatioun duerchgefouert gouf. Lëtzebuerg schneid gutt of, mee et kéint besser sinn, esou de Rapport.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Bigstock

Am Verglach zu eisen Nopeschlänner wieren eis Partizipatiounszuelen tëscht 2011 an 2018 zwar héich, mee ëmmer nach ënnert den europäesche Recommandatiounen. Esou heescht et an engem Communiqué vum Gesondheetsministère an dem Luxembourg Institute of Health.

Fraen am Alter vu 45 Joer bis 75 Joer, kënne sech all Joer gratis op Broschtkriibs teste loossen. Dat gesäit de Programm Mammographie vir. D’Zil ass et Fraen ze sensibiliséieren a Broschtkriibs esou fréi wéi méiglech ze identifizéieren.

Besser Erkennung duerch Kräizung vun Datebanken an duebel Lecture

Fir ze evaluéiere wéi effektiv dee Programm ass, huet een d’Donnéeë vum registre national du cancer zesumme mat deene vum Programme Mammographie gekräizt. D‘Konklusioun ass, datt an engem vu fënnef Fäll Broschtkriibs am Kader vum Programme Mamographie konnt erkannt ginn, deen ee bei engem normalen Dépistage net fonnt hätt. Grond dofir wier d’Duebellecture vun de Resultater, erkläert d’Dokter Claudine Backes. Si ass Responsable scientifique beim Registre National du Cancer.

Wie Broschtkriibs fréi erkennt huet besser Chancen e méi schwaache Krankheetsverlaf ze hunn, seet d’Claudine Backes.

"An datt dann natierlech och, Traitementer manner schwéier si fir de Patient selwer. An hoffentlech eng Qualité de vie domadder an d'Luucht geet."

Participatiounsbaisse bäi Depistage geet erof

Vun 2011 bis 2018 hätt dëse Programm méi Succès zu Lëtzebuerg gehat wéi am Ausland. Zejoert hätten eng 1.800 Fraen un deem Programm deelgeholl a wieren an d’Mammografie gaangen. D’Partizipatiounszuele géifen awer no an no erof goen, heescht et am Communiqué. D’Claudine Backes seet awer, datt dat allgemeng de Fall wier bei Depistagen.

Et géifen aktuell Analyse gemaach gi fir d’Grënn vun dëser Participatiounsbaisse ze identifizéieren. D’Dokter Claudine Backes hieft awer ervir, wéi wichteg et wier Kriibs fréi ze erkennen.

Lauschterenplay_arrow