Radioen

On air

Concert  |  De Vadim Gluzman mat den SEL

play_arrow Live
search

/ D'Piratepartei geheit der LSAP Mandatsklau vir

No Wiessel am Stater Gemngerot

D'Piratepartei geheit der LSAP Mandatsklau vir

D‘Pirate sinn entsat iwwert d‘Manéier, wéi d‘Demissioun vun hirer Stater Conseillière Marie-Marthe Muller verlaf ass. D‘Parteileedung vun de Pirate wier entweder e puer Minutte virum Communiqué oder réischt an der Press iwwert de Wiessel bei d‘LSAP gewuer ginn.

auto_stories

1 min

D‘Pirate geheien der Marie-Marthe Muller an der LSAP fir, kee Courage, keen Anstand a kee Respekt ze hunn. D‘Pirate verurteelen d‘Manéier vun hirer Ex-Conseillière a vun der LSAP op d‘Schäerfst, heescht et an engem Communiqué. Dora geheie si der LSAP och Mandatsklau vir.

D'Parteileedung vun de Pirate wëllt dëse Virgang net einfach akzeptéieren a géif iwwer weider Schrëtt an dëser Affär beroden.