An Ungarn sinn zënter Mäerz vun dësem Joer ëffentlech Versammlunge vun der LGBTQIA+-Communautéit verbueden. Begrënnt gëtt dat doduerch, datt een de Kanner hir sexuell Entwécklung protegéiere wéilt.
Buergermeeschter vu Budapest vs. Orbán
De lénks-grénge Buergermeeschter vu Budapest Gergely Karácsony huet awer decidéiert, d’Pride trotzdeem ze organiséieren. Op Facebook hat hie matgedeelt, datt hien als Buergermeeschter keng Erlabnis bräicht, et wier nämlech e Gemengenevent.
"Ech gesinn, wéi LGBTQ+-Mënschen ëmmer méi ugegraff a marginaliséiert ginn. D’Pride ze organiséieren ass eis Aart a Weis, dogéint ze kämpfen. D'Pride ass net nëmmen eng Feier. Et ass Protest, Feier an Deklaratioun gläichzäiteg. Et ass eng Plaz, wou Mënsche sech sécher, visibel a gestäerkt kënne fillen. Virun allem déi Leit, déi de Recht vum Joer isoléiert ginn."
Ungaresche Regierungsvertrieder no géif et den Organisateuren net ëm Fridden oder Rechter vun der LGBTQIA+-Communautéit goen, mee ëm Provokatioun.
Déi europäesch Reaktioun
Och international huet de Verbuet vun der Pride Welle geschloen. Eng Partie EU-Deputéierter hunn ugekënnegt, och un der Pride dëst Joer deelzehuelen. Dorënner och d’Lëtzebuerger Tilly Metz vun déi gréng an den LSAP-Politiker Marc Angel.
Fir déi zwee EU-Deputéierter wier et wichteg, dem ungaresche Vollek Ënnerstëtzung ze bidden an déi europäesch Wäerter wéi Demokratie a Versammlungsrecht ze verteidegen.
D’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen hat den ungaresche Premier Viktor Orbán dës Woch dozou opgeruff, de Verbuet opzehiewen. Och de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden huet sech en Donneschdeg um Bord vum EU-Sommet dozou geäussert.
"Duerfir ass et fir mech absolutt inakzeptabel, wann esou eng Demonstratioun net erlaabt gëtt. Ech mengen, jiddweree muss kënne säi Liewe féieren, wéi en et fir richteg fënnt, besonnesch wann en net engem aneren domat Schued mécht. An duerfir muss eng friddlech Demonstratioun ëmmer erlaabt sinn."
Déi lescht Jore waren eng 20.000 bis 30.000 Participanten dobäi. Wéi vill dëst Joer deelhuelen, ass ongewëss. D’Organisateuren erwaarden sech awer méi Leit ewéi jee.