Dëse Projet de Loi ass ee vun dräi Texter, déi d’Jugendrecht zu Lëtzebuerg solle reforméieren. Déi wichtegst Komponent vun der Reform, Jugendschutz a Jugendstrofrecht, ginn an Zukunft getrennt.
Elo mussen d’Texter eng weider Kéier iwwerschafft ginn. De Gilbert Pregno, Kannerpsycholog a fréiere President vun der Mënscherechtskommissioun, huet staark Bedenken, datt d’Reform, iwwer déi scho laang diskutéiert gëtt, de Besoine gerecht gëtt.
Kritik wier net gehéiert ginn
Iwwer méi wéi 30 Joer hätten d’Acteuren, déi sech zu Lëtzebuerg fir d’Kanner- a Mënscherechter asetzen, Remarken a Kriticken um bestoende Gesetz geäussert. Trotzdeem wieren hir Awänn an deenen Texter, wéi se elo virleien, net consideréiert ginn – wärend d’Magistratur eng immens grouss Emprise drop gehat hätt, kritiséiert de Gilbert Pregno – an dat wier problematesch.
Virop gesot: Jo, déi nei Gesetzestexter géifen eng Rei vu Verännerungen enthalen, déi immens wesentlech sinn, esou de Gilbert Pregno. Esou zum Beispill a Bezuch op d’Eltererechter.
Eltere verléiere Rechter net méi automatesch
Deen alen Text hätt nämlech ee ganz problematescht Element enthalen: Datt Elteren, deenen hiert Kand an e Foyer komm ass, hir Eltererechter verléieren. Zéngdausende Pappen a Mammen hätten an all deene Joren hir Eltererechter verluer. Esou eppes wier an engem Rechtsstaat net denkbar, esou de Gilbert Pregno.
"Dat anert, wat ganz vill geschitt ass, dat ass, datt wann de Jugendriichter elo eng Decisioun hëlt, datt e seet, dat Kand do soll an e Foyer kommen, da gëtt en dem Parquet den Optrag dofir ze suergen, datt d’Kand dohinner kënnt."
De Parquet géif dann d'Police schécken, erkläert de Gilbert Pregno.
"An d’Maternité, Bëbeeën, déi fënnef Deeg al sinn, vun der Mamm trennen. Ech kéint Iech zéng Grënn nennen, wou dat noutwenneg ass, awer net an der Heefegkeet. E geet an d’Maison-relaisen, an d’Schoulen, bei d’Famillen, an da gëtt dat Kand an e Foyer bruecht."
Mat der geplangter Reform géifen Elteren hir Rechter net méi automatesch verléieren an dat wier eng ganz bedeitend Ännerung, esou de Gilbert Pregno.
Strofe bei Infraktioune missten un Alter ugepasst sinn
Ganz wichteg wier och, datt elo endlech en Ënnerscheed géif gemaach ginn tëschent engem Kand, dat Schutz braucht, an engem Kand oder Jugendlechen, dat oder deen eng Infraktioun mécht – andeems et dofir verschidde Gesetzestexter ginn.
"Ech fannen et ass ganz wichteg, datt wann e Jugendlechen eng komme léisst, eng Infraktioun, et kann och e Crime sinn, datt do duerno gekuckt gëtt. Dat ka bis zum Aspären och goen. Awer et musse Moossname sinn, déi dem Alter vum Kand gerecht sinn."
Mee dëst wier mat den neien Texter net ëmmer de Fall. Esou géif zum Beispill d’Justice restaurative vill ze kuerz kommen, fënnt de Gilbert Pregno.
"Dat heescht, datt wann e Jugendleche muss agespaart ginn, datt een Ëmweeër fënnt, wéi en aus där Haltung, wou en engem aneren eppes undeet, wou en e Schued uriicht, wou en eng d'Infraktioun mécht, (erauskënnt). Et ass dat, wat zum Virschäi kënnt. Mee deen doten Deel ass esou wéineg entwéckelt an deene Gesetzestexter, datt ech mech froen, firwat ass dat esou?"
Affekot sollt eng Obligatioun sinn
Eng weider Kritik – an dat gesäit och de Staatsrot a sengem Avis mat Skepsis – wier, datt Jugendlecher dem Text no ënner gewëssen Ëmstänn fräiwëlleg op en Affekot kënne verzichten.
En Affekot misst eng Obligatioun sinn, seet de Gilbert Pregno. An esou jonkem Alter kéint een d’Suitte vun esou enger Entscheedung nämlech nach iwwerhaapt net aschätzen:
"Hätt ech an deem Alter eng gestiicht, ech hätt se an deem Alter net kënnen treffen. Ech wier ganz beandrockt gewiescht an engem Kommissariat ze sëtze mat zwee Poliziste vis-à-vis vu mir, wou vläicht och nach eng Kamera ass, déi do leeft, an da misst ech do de Fanger ausstrecken a soen, ech hätt elo gären en Affekot oder eng Affekotin."
Allgemeng misst ee feststellen, datt et ëmmer méi Kanner a Jugendlecher gëtt, deenen et net gutt geet, esou de Jugendpsycholog.
"D'Gesellschaft ännert sech ganz vill. Covid huet ganz villes op d'Kopp geheit a fir vill Elteren ass d'Erzéiung net méi hir Prioritéit. Kanner, menge si vläicht, géife wuessen, doduercher datt si friem betreit ginn. A wann een d'Bedürfnis awer kuckt vun de Kanner an och vun de Jugendlechen, da musse si méi kréien."
Situatioun op der Welt fir Kanner net einfach
Dobäi kéimen déi aktuell vill Krisen op der ganzer Welt, vun deenen och Kanner a Jugendlecher vill matkréichen. An anere Wierder: Et wier net einfach, haut e Kand an e Jugendlechen ze sinn.
"Doduerch erschafen si eng Onsécherheet bei hinnen an d'Mënschen alleguerten, egal wéi en Alter, brauche vill Sécherheet, fir kënnen adequat ze liewen an datt si sech kënnen zerechtfannen."
Et wier ganz bestëmmt eng Urgence do, fir d’Jugendschutzreform virunzedreiwen, seet de Mënscherechtsexpert.
Allerdéngs weist hie sech besuergt, datt d’Gesetzer elo riskéiere géingen an engem “Hauruckverfahren” duerch d’Chamber gedriwwen ze ginn – änlech wéi beim Asylpakt, wéi de Gilbert Pregno umierkt. A mat um Enn ganz tragesche Konsequenze fir eenzel Leit.