Dëst Joer waren et 153 Bicher, déi déi 5 Member vum Jury gelies hunn. Aus deenen hu si elo 6 Bicher gewielt, déi am Renne si fir de Man Booker Prize. En Dënschdegowend hu si vun den erzielt, déi des dës Aarbecht mat sech bréngt.
Déi wuel bekanntste war d‘amerikanesch Schauspillerin Sarah Jessica Parker, déi am beschte fir hir Roll an der Show Sex an the City bekannt ass. Och mat dobäi sinn de brittesche Schrëftsteller a Kritiker Chris Power, an d‘Nigerianesch Autrice Ayọ̀bámi Adébáyọ̀ an d‘Kiley Reid, eng Schrëftstellerin aus Amerika. Jurypresident ass den iresche Schrëftsteller Roddy Doyle, deen 1993 de Booker Prize fir säi Buch "Paddy Clarke Ha Ha Ha" gewonnen huet.
Am Royal Festival Hall hunn si déi sechs Bicher virgestallt an d‘Schauspiller:nnen Louise Brealey an den Alfred Enoch hunn da kuerz Extraite virgelies.
"Flashlight" vun der Susan Choi
Dat éischt Buch war "Flashlight" vun der Susan Choi.
Dëst ass eng Familiesaga déi op den Erfarunge vun der Schrëftstellerin baséiert, déi am amerikanesche Midwest mat engem koreanesche Papp an enger russesch-jiddescher Mamm opgewuess ass.
"The Loneliness of Sonia and Sunny" vun der Kiran Desai
Dat zweet Buch ass "The Loneliness of Sonia and Sunny" vun der Kiran Desai. Ee Roman vu 700 Säiten, deen d‘Relatioun vun den zwee indesche Protagonisten iwwert d‘Joren an Kontinenter verfollegt. Kiran Desai, déi schonn 2006 de Booker Prize fir hirt Buch „The Inheritance of Loss“ gewonnen huet, huet un hirem neie Buch 20 Joer laang geschriwwen. An dësem Extrait reflektéiert dem Sunny seng Mamm iwwer kulturell Kontradiktiounen, déi dacks am Buch thematiséiert ginn.
"Audition" vun der Katie Kitamura
Der Katie Kitamura hiert Buch "Audition" ass een Thriller, an deem sech eng Actrice mëttleren Alters an ee jonke Mann verléift, dee villäicht hire Jong ass. Et treffen hei zwou verschidden Narrativen openeen, déi schlussendlech d‘Rollen examinéieren, déi d‘Meschen an hirem Liewe spillen.
"The Rest of our Lives" vum Ben Markovits
Am Ben Markovits sengem Buch "The Rest of our Lives" geet et ëm ee Mann, dee sech versprach huet seng ontrei Fra ze verloossen, soubal d‘Kanner 18 Joer hunn. Dat mécht hie schlussendlech och a klëmmt dann an säin Auto a mécht e Roadtrip duerch d‘USA.
D‘Buch ass eng Meditatioun iwwer d‘Famill, laangjäreg Bestietnisser an den Alter. D‘Schrëftstellerin Kiley Reid sot, si géif fannen datt "The Rest of our Lives" dat wäermste Buch op der Shortlist wier.
"The Land in Winter" vum Andrew Miller
"The Land in Winter" vum Andrew Miller handelt vum Big Freeze vun 1962, dat war de keelste Wanter deen an England opgezeechent gouf. Den Thermometer ass deemools bis op -20 Grad gefall. D‘Buch handelt vun zwou Koppelen, deenen hier Relatiounen an de Schnéistierm un d‘Wackele kommen.
"Flesh" vum David Szalay
Dat lescht Buch wat annoncéiert gouf, ass dem David Szalay säi Roman "Flesh." Hei geet et ëm den Istvan, e jonken Ungar deen et vun doheem aus der Klengkriminalitéit bis op London an d‘High Society gepackt huet. Et wier e Bildungsroman dee bëssen eppes vum Albert Camus hat, huet NPR geschriwwen.
Gewënnerin oder Gewënner gëtt den 10. November annoncéiert
D‘Jury zéie sech elo rëm zeréck fir déi sechs Bicher nach eemol ze liesen an ënnereneen ze debattéieren, éier dann den 10. November de grousse Gewënner oder déi grouss Gewënnerin ugekënnegt gëtt. D‘Schrëftstellerin oder de Schrëftsteller vum Buch kritt 50.000 Pond an d‘Gewëssheet, datt elo nach vill méi vun hire Bicher verkaaft ginn.
Als Bicherwuerm kann ee sech lo schonn duerch d‘Shortlist an d'Longlist duerchliesen, well och dëst Joer si rëm immens villverspriechend Erzielung dobäi.