Den Observatoire National de l'Enfance de la Jeunesse et de la qualité scolaire huet viru Kuerzem eng breet an detailléiert Analys vun der Situatioun vu Kanner mat Verhalensopfällegkeete virgeluecht.
Ausserschoulesch Acteuren
Wat den Encadrement vu Kanner a Jugendleche mat Verhalensopfällegkeeten ugeet, wier d’Schoul ee ganz elementare Facteur. Den Observatoire war schonn an engem éischte Bericht zu dësem Schluss komm. Dat, well iwwer de Schoulsystem eigentlech jidderee kann erreecht ginn.
Wann et an der Intensitéit awer iwwer dat erausgeet, wat d’Schoul leeschten kann, da missten och ausserschoulesch Acteuren dobäi geholl ginn.
D'Martine Friesing vum Observatoire National de l'Enfance seet, datt dofir elo am zweete Rapport virun allem d’Roll vun dësen externen Acteuren analyséiert ginn ass.
“Dofir hu mer och deen zweete Rapport gemaach, fir ze kucke wat ass ausserschoulesch un sozialpädagogesch, psychologesch, psychiatreschen Interventiounen, méiglech fir dat zesummen ze bréngen.”
E Constat wier, datt Zesummenaarbecht tëschent de verschidden Acteuren um Terrain nach besser misst openeen ausgeriicht ginn.
Hausse vu 16 Prozent zënter 2010
Konkret Chiffere fir Lëtzebuerg géifen et net ginn. D'Weltgesondheetsorganisatioun WHO geet dovun aus, datt all siwent Kand tëschent 10 an 19 Joer vu psychesche Problemer betraff ass.
Aus enger internationaler Studie sinn och Schüler:innen vu Lëtzebuerg no hirem Bien-être gefrot ginn. Dës HBSC-Studie kënnt zum Schluss, datt den Taux vu psychosomatesche Problemer bei Kanner a Jugendleche vun 2010 bis 2022, ëm 16 Prozent an d’Luucht gaangen ass.
“Do huet sech wierklech gewisen, datt do och eng Steigerung ze gesinn ass.”
Dës Croissance wier ënner anerem op d’Covid-Joren zeréckzeféieren. Mee net nëmme Jonker hätten haut och mat ëmmer méi Belaaschtungen an Erausfuerderungen ze dinn.
Inklusioun an der Schoul
Wat de Volet Inklusioun an der Schoul ugeet an och d’Portest dogéint, fënnt d’Martine Frising et “bësse bedauerlech”, datt Amalgame géif gemaach ginn tëschent dem Inklusiouns-Term an deem vun der Verhalensopfällegkeeten.
“Déi extreem Fäll, déi tatsächlech dann opfalen an déi natierlech eng Belaaschtung fir de System sinn an deen och u seng Grenze bréngt, ech fannen da just bedauerlech, datt mer dann domadder eng ganz Inklusiounsdebatt a Fro stellen”
Situatiounen, an deenen et gutt fonctionéiert a wou och “jiddereen dovunner profitéiert”, géifen duerch d’Inklusioun-Debatt a Fro gestallt ginn.
Aus dem Rapport geet iwwerdeems nach ervir, datt Präventioun bei verhalensopfällege Kanner déi beschte Medezin ass.
Verhalensopfällegkeet géif iwwerdeems net ëmmer bedeiten, datt Leit no baussen hin opfälleg oder aggressiv sinn. Och Depressiounen oder éischter no banne geriichte Problemer falen an dëst Schema.
Lauschtert hei dee ganzen Interview mat der Martine Frising