Radioen

On air

Notturno  |  Ana Frango Elétrico - Electric Fish

play_arrow Live
search

/ D'Studentebourse soll an Zukunft zwee Mol am Joer un den Index ugepasst ginn

Héichschoul

D'Studentebourse soll an Zukunft zwee Mol am Joer un den Index ugepasst ginn

D’Studentebourse soll an Zukunft zwee Mol am Joer un den Index ugepasst ginn amplaz nëmmen eng Kéier, esou d’DP-Ministesch fir Héichschoul am 100komma7-Interview. Dësen Accord hunn d’Stéphanie Obertin an de Studenteverband ACEL um Donneschdegmëtteg ënnerschriwwen.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow

D’Indexupassung géif der Ministesch no e signifikanten Ënnerscheed an der Bourse vun de Studente maachen. Vu wéini un dat soll gëllen, konnt d‘Stéphanie Obertin nach net soen.

"Mir wäerten elo d'Gesetz schreiwen an dat ass an deenen nächste Méint elo geplangt. Et gi sécherlech nach Upassunge gemaach, do wëll ech net ze vill an den Detail goen, well dat geet jo nach duerno duerch d'Chamber. Dat heescht, mir sinn nach net mat allem derduerch, mee op d'mannst ass de Ministère vun der Recherche an der Héichschoul an den ACEL sinn ons eens."

D‘lescht Summersemester hu ronn 30.600 Studenten d‘Bourse kritt. Dat entsprécht enger Zomm vun 81,9 Milliounen Euro, déi ausbezuelt gi sinn.

Lauschterenplay_arrow