arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'USA hunn Ziler am Iran ugegraff

Noen Osten

|
headphones

3 min

D'USA hunn Ziler am Iran ugegraff

D‘USA sinn an der Nuecht op e Sonndeg am Iran intervenéiert an hunn 3 iranesch Ziler mat Bommen ugegraff. Viséiert waren d‘Stied Isfahan an Natans, viseiert war awer och déi ënnerierdesch d‘Atomanlag vu Fordo.

headphones

3 min

© picture alliance / dpa | Eads
(Foto: picture alliance / dpa | Eads)

D‘Atomanlag vu Fordo leit an engem Bierg op bis zu 100 Meter Déift. An de leschten Deeg gouf ëmmer erëm ënnerstrach, dattt d‘USA déi eenzeg sinn, déi Bommen hunn, fir déi Anlag unzegräifen. D‘Bomm vum Typ GBU-57, ass déi eenzeg, déi déi néideg Sprengkraaft huet, fir e Bunker ewéi zu Fordo zerstéieren. D‘Bomm ass 6 Meter laang a ronn 14 Tonne schwéier. Amerikanesch Medie schreiwen, datt an der Nuecht op e Sonndeg eng Dosen GBU-57 Bommen op Fordo geheit gi wieren. 

Géint 4 Auer eiser Zäit an der Nuecht huet d‘Wäisst Haus e Video mat enger Usprooch vum President Donald Trump diffuséiert. Ronderëm hie sti bei deem Video säi Vizepresident JD Vance, den Aussenminister Marco Rubio an de Verteidegungsminister Pete Hagseth, déi beim Trump sengen Aussoen, ëmmer erëm mam Kapp wénken.

Déi wichtegst iranesch Installatioune fir d‘Uranuräicherung wiere komplett zerstéiert ginn, seet den Donald Trump an deem Video. Den Iran misst elo de Wee vum Fridde goen, soss géifen et nach méi grouss Attacke ginn, dat ass nach seng Warnung. Op d'Atomanlage wierklech ganz zerstéiert sinn, kann aktuell esou awer net confirméiert ginn. Onkloer ass och, ob d‘USA eng zweet Well vun Attacken nach maachen, oder net. Vum Trump war et just d‘Matdeelung, datt all d‘Fligeren, déi un der Attack bedeelegt waren, um Heemwee wieren.

Netanjahu zefridden iwwer US-Interventioun

Den israelesche Premier Benjamin Nethanjahu huet sengersäits dem Donald Trump fir seng "couragéis Decisioun" felicitéiert.

Den Netanjahu huet sech also ganz zefridden iwwert déi amerikanesch Interventioun gewisen, eppes, wat hien u sech scho jorelaang fuerdert. Suerge mécht sech den UN-Generalsekretär Antonio Guterrres.

De Guterres sot, déi amerikanesch Attacke géifen hie fundamental beonrouegen a kéinte katastrophal Suitte fir d‘Welt hunn. Dn dëser geféierlecher Stonn misst een d'Spiral vum Chaos evitéieren, esou de Guterres. Et géif an dësem Konflikt keng militäresch Léisung ginn, déi eenzeg Léisung wier iwwert de Wee vun der Diplomatie ze fannen.

Och aus den USA selwer kënnt Kritik. An zwar vun den Demokraten, déi Froe stellen iwwert d‘Legitimitéit vum Militärasaz. Kee President hätt d‘Recht e Land op eege Fauscht an ouni kloer Strategie an de Krich ze feieren, sot den demokratesche Chef am Senat, den Chuck Schumer. Den Trump misst dem Kongress an och den Amerikaner Ried an Äntwert stoen. D‘Gefor fir e groussen, laangen an destruktive Krich wier grouss, esou dem Schummer seng Analys.

Iran dreet USA mat Suitten

Déi iranesch Noriichtenagence huet confirméiert, datt een Deel vun der Uranuräicherungsanlag Fordo zerstéiert gouf. Et géif awer keng Gefor fir d'Populatioun ginn. Och déi international Atomenergieagence, d‘IAEA ënnersträicht, datt si bis ewell keng erhéijte Stralenwäerter gemiess hunn. Den Iran huet der IAEA Virwërf gemaach. D'IAEA hätt déi US-amerikanesch Attacke mat Gläichgültegkeet suivéiert, eventuell esouguer ënnerstëtzt, esou den iranesche Virworf.

Den iraneschen Ausseminister Abbas Araghtschi huet den USA dann nach via X gedreet, d'Attacke wieren ongeheierlech a wäerten dauerhaft Suitten hunn. Déi iranesch Vertriedung bei de Vereenten Natiounen huet eng Drénglechkeetssitzung vum UN-Weltsécherheetsrot gefuerdert.

Den Iran huet iwwregens de Sonndeg de Moien op déi amerikanesch Attacke geäntwert, an Israel op en Neits attackéiert.