Fir d'Leeferin aus dem Dikrecher Celtic ass et schonn déi zweet Course op dëser EM. Op de 5.000 Meter ass ugangs der Woch net grad esou gaangen, wéi si sech et erhofft hat. Do koum si op déi 22. Plaz.
D’Hoffnung, datt et op déi méi kuerz Distanz besser geet, ass awer do.
"D'Hoffnung ass natierlech grouss an am Fong d'Gefill och dofir. Also op der 5.000 gouf ech leider e bëssen ausgebremst, wat net a menger Muecht stoung. An ech weess awer, datt ech ganz gutt trainéiert hunn, datt ech mech gutt virbereet huet mat mengem Team. Dowéinst sinn ech eigentlech ganz zouversiichtlech."
Kaarte ginn all Course nei gemëscht
Ënner den Athleetinnen, déi un den Depart ginn, sinn der eng ganz Rei, déi eng besser Zäit scho gelaf sinn dëst Joer wéi d’Vera Bertemes-Hoffmann. Dat war op de 5.000 Meter
Den Dag selwer géingen d’Kaarten awer nees nei gemëscht ginn, seet d’Athletin. Déi Eng géingen déi ganz Saison iwwer gutt lafen, Anerer just op den Héichpunkten. Dofir dierft ee virun enger Course net mengen, datt ee keng Chance hätt.
"Natierlech weess ech, dass den Niveau vir ganz, ganz héich ass. Mee wann een do un der Startlinn steet, da probéiert een einfach säi Bescht ofzeruffen an ze kucken, ob et dann duergeet, fir entweeder en Tour weider ze kommen, an d'Finall ze kommen oder eeben einfach eng gutt Course ze maachen."
Egal ob taktesch oder net: An all Course soll een dat bescht aus sech eraushuelen
D’Resultat hänkt bei Mëttel- a Laangstreckecourssen um Enn och ëmmer vun der Taktik of. Dacks sinn d’Coursen nämlech mat séiere Fraen oder Männer besat, mee den Tempo ass ufanks net esou héich. Dofir gëtt zum Schluss dann ugezunn.
"Verschiddener hunn einfach gäre fir séier ze lafen. (...) Op d'1.500 ass et e bësse méi heefeg, datt et vun Ufank un e bësse méi taktesch ass. Mee och do kënne séier Courssen entstoen."
Eng taktesch oder awer einfach eng séier Course? D’Vera Bertemes-Hoffmann huet keng Preferenz. Um Enn géing et drëms goen, dat Bescht op deem Dag aus sech erauszehuelen.
Hiert konkreet Zil ass et dofir och net, eng perséinlech Beschtzäit ze lafen, mee ze hoffen, en Tour virun ze kommen.
"Ech mengen et ginn ëmmer Momenter, wou ee vläicht och haut een an eng Finall rutscht, wou ee vläicht virdrun net geduecht hätt, et ginn ëmmer erëm Iwwerraschungen. Dat mécht de Sport jo och aus. Dat heescht, do interpretéiere mir dann duerno oder analyséiere mir duerno da wéi d'Course effektiv war."
Vill eidel Plazen am Stadion zu Birmingham
Egal wéi eng Resultater iwwer de Weekend elo nach erauskommen, bei esou engem grousse Championnat dobäi ze sinn ass eleng dowéinst speziell, well een an engem grousse Stadion kann untrieden. Normalerweis ass dat och mat engem grousse Public verbonnen.
Wien an de leschten Deeg awer d’EM bëssen op der Tëlee gekuckt huet, deem ass sécher opgefall, datt zu Birmingham am Stadion ganz vill Plaze fräi sinn.
Zwar wieren ëmmer nach méi Leit do, wéi een dat soss gewinnt ass, seet d’Leeferin aus dem Celtic. Mee effektiv wiere manner Leit do wéi erhofft. Dat verwonnert, well am Virfeld driwwer geschwat ginn ass, datt de Stadion op villen Owenter ausverkaf wier.
D’Stëmmung wier trotzdeem gutt, seet d’Vera Bertemes-Hoffmann, an et wieren ëmmerhin iwwer 35.000 Leit am Stadion, wat “immens vill” wier.
"Mee et wierkt natierlech aneschters, wann all Stull besat ass, wéi wann elo do ëmmer esou Lächer dra sinn."
Hoffnung op méi Zuschauer fir de Weekend
E Grond kéinten d’Ticketspräisser sinn, déi relativ héich sinn. Fir verschidde Plaze muss ee bis zu 100 Euro bezuelen. Dobäi kéim déi geographesch Lag: De Stadion ass net am Zentrum vun der Stad, mee ausserhalb, an dofir net esou gutt erreechbar.
Fir de Weekend awer solle méi Leit de Wee an de Stadion fannen, wann een den Organisateure gleeft. Wann d’Vera Bertemes-Hoffmann um Samschdegmoien hir Course leeft, wäert dat awer wuel nach net de Fall sinn. D’”Morning Sessions” sinn ëmmer manner gutt besicht wéi déi am Owend.