Op där anerer Säit ass een awer net domat averstanen, datt d’Ëmweltschutzkrittären erofgeschrauft ginn. Déi konventionell Landwirtschaft hätt sech an de Beräicher Düngemëttel, Pestiziden a Saatgut an Ofhängegkeete vu grousse Konzerner bruecht. Mee och am Bioberäich géif et Ofhängegkeete ginn, betount d'Directrice vun der Vereenegung fir Biolandwirtschaft.
Esou wieren d‘Abnehmer fir Bio-Produiten dacks grouss Konzerner déi eng gewëss Maartmuecht hätten. D‘Daniela Noesen gesäit d‘Politik an der Verantwortung fir deem entgéint ze steieren, ouni wichteg Prinzippien iwwer Bord ze geheien.
„Mir hu Krise bei eis vun der Biodiversitéit iwwer Klima, déi däerfe mer net iwwer Bord geheien, déi musse mer en vue halen a fir do brauche mir Léisungen, och fir eis Liewensgrondlagen ze schounen an trotzdeem gesond Liewensmëttel ze produzéieren.“
Den Erhalt vun der Liewensmëttelproduktioun, vun der Biodiversitéit a vun den etheschen Aarbechtsverhältnisser wier eng Aufgab fir déi gesamt Gesellschaft, esou nach d’Daniela Noesen.