arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'WM 2026: E "Last Dance" fir vill grouss Spiller

Fussball-WM 2026

|
reading time

4 min

headphones

5 min

play_arrow

D'WM 2026: E "Last Dance" fir vill grouss Spiller

Eng Fussballweltmeeschterschaft ass fir all Spiller eppes ganz Besonnesches. Mee vläicht souguer nach e bësse méi wann et déi lescht ass. Bei dëser Editioun gëllt dat fir direkt e puer Spiller déi fir Verschiddener Kandheetshelde sinn an zum Deel och als Legende gëllen.

reading time

4 min

headphones

5 min

play_arrow
© EPA/RONALD WITTEK - EPA/WILL OLIVER - EPA/CHRISTOPHER NEUNDORF - EPA/STEPHEN BRASHEAR
(Foto: EPA/RONALD WITTEK - EPA/WILL OLIVER - EPA/CHRISTOPHER NEUNDORF - EPA/STEPHEN BRASHEAR)

Ugefaange mat engem Spiller, deen nach op de Weltmeeschtertitel dëst Joer hofft a bei deem de Gewënn vun der leschter WM 2022 am Katar d’Kréinung vun der méiglecherweis gréisster Karriär iwwerhaapt am Fussball war – de Lionel Messi. Wann ee just op seng Erfolleger mat der Albiceleste – also der argentinescher Nationalekipp – kuckt, da stinn do bis haut 204 Matcher an 125 Goler, dorënner elo schonn 8 Stéck op dëser WM.

An där Zäit huet hien zweemol d'Copa America an eng Weltmeeschterschaft gewonnen. An den USA spillt de Messi seng sechst WM an huet iwwer déi 6 Tournoien 21 Goler geschoss – béides ass Rekord. Säi gréisste Moment war ouni Zweifel d’Weltmeeschterschaft am Katar, wou hie seng Ekipp als Kapitän zum Titel gedroen huet. 

Wien A seet muss och B soen

Wie Messi seet muss och Ronaldo soen. Fir de Cristiano Ronaldo war et warscheinlech déi lescht Weltmeeschterschaft vu senger Karriär – mee et gi Gerüchter, datt hie wéilt probéieren a 4 Joer nach eng Kéier dobäi ze sinn, bei der WM déi dann a Spuenien, Marokko an a sengem Heemechtsland Portugal ass. Da wier hie 45 Joer al.

Den Titel vum Weltmeeschter ass quasi deen eenzegen, deen dem Portugis nach feelt. Am noosten dru war hie bei senger éischter WM 2006. Deemools war an der Halleffinall Schluss fir Portugal. Säi gréisste perséinleche Moment hat de Ronaldo bei der WM 2018 a Russland, wéi him en Hattrick – also 3 Goler an engem Match - géint Spuenie gelonge sinn. Dorënner een direkte Fräistouss kuerz viru Schluss. 

(v.l.n.r.) Cristiano Ronaldo, Lamine Yamal, Pedri | © EPA/CHRISTOPHER NEUNDORF
(v.l.n.r.) Cristiano Ronaldo, Lamine Yamal, Pedri (Foto: EPA/CHRISTOPHER NEUNDORF)

De kroateschen Zauberfouss seet och Äddi

De leschte groussen Tournoi war et och fir de Luka Modric. De kroatesche Mëttelfeldspiller a Kapitän huet säi gréisste Moment mat der Nationalekipp 2018 gefeiert, wou ee fir d’éischte Kéier an der Geschicht vu Kroatien an der Finall vun der Fussballweltmeeschterschaft stoung. Do war een du géint Frankräich kloer ënnerleeën, mee de Luka Modric ass nawell zum Spiller vum Tournoi gewielt ginn. Ënner anerem duerch dës Leeschtung ass et him gelongen den Titel vum beschte Fussballspiller op der Welt ze gewannen. An domat eng 10 Joer laang Dominanz vu Messi a Ronaldo ze briechen.

Och bei Däitschland ass et d’Enn vun enger Ära. Mam Manuel Neuer huet ee vun de beschte Golkipper vun allen Zäite seng lescht WM gespillt. 2014 konnt hie se souguer schonn eng Kéier gewannen. Besonnesch an Erënnerung bleift dobäi d’Aachtelsfinall géint Algerien, déi Däitschland no Verlängerung mat 2-1 gewonnen huet – och dank engem super Match vum Manuel Neuer. 

Belsch: Déi gëlle Generatioun geet endgülteg op en Enn

Bei eise belschen Nopere sinn et dann direkt zwee Spiller, déi Äddi soen. Rieds ass vum Kevin de Bruyne an dem Romelu Lukaku. Si si quasi déi lescht vun der gëllener Generatioun vun de Belsch. Déi gëlle Generatioun, där ni de ganz groussen Erfolleg gelongen ass.

Hir bescht Leeschtung hu si 2018 realiséiert, wéi si op der Weltmeeschterschaft bis an d’Halleffinall koumen. De Kevin de Bruyne an de Romelu Lukaku haten doru groussen Undeel. Ënner anerem beim entscheedende Gol an der Véierelsfinall géint Japan.

De mexikanesche Golkipp Guillermo Ochoa bei der WM 2014 | © picture alliance / augenklick/firo Sportphoto | firo Sportphoto/mexsport
De mexikanesche Golkipp Guillermo Ochoa bei der WM 2014 (Foto: picture alliance / augenklick/firo Sportphoto | firo Sportphoto/mexsport)

Déi nächst Spiller sti scho prett fir d'Relève ze huelen

Och bei verschiddene méi klenge Fussballnatiounen ass et d’Enn vun enger Ära. Do wier de Guillermo Ochoa bei Mexiko, den Heung-min Son bei Südkorea, de Mohammed Salah bei Ägypten oder den Edin Dzeko bei Bosnien Herzegovina.

Fir all dës ikonesch Spiller dierft et déi lescht Weltmeeschterschaft gewiescht sinn. Mee wann déi eng ophalen, sinn anerer do fir d’Relève ze iwwerhuelen. A mat Spiller, wéi Lamine Yamal, Kylian Mbappé an Erling Haaland schéngt den internationale Fussball gutt opgestallt fir och an Zukunft jonk an al ze begeeschteren.

play_arrow Lauschteren