arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Zuel vun den Doudesaffer klëmmt op 235 no den zwee schwéieren Äerdbiewen

Venezuela

|
reading time

1 min

D'Zuel vun den Doudesaffer klëmmt op 235 no den zwee schwéieren Äerdbiewen

Iwwer 4.300 Blesséierter goufe bis elo an de Klinicke behandelt, esou de Gesondheetsminister. Zwee Äerdbiewe mat de Stäerkte 7,2 a 7,5 am Ofstand vu manner wéi enger Minutt hate virgëschter Venezuela getraff.

reading time

1 min

© EPA/Ronald Peña R
(Foto: EPA/Ronald Peña R)

250 Gebaier goufe komplett zerstéiert, dorënner 8 Klinicken. Et ginn Indicen, datt e puer Dausend Leit kéinte verschott gi sinn.

Besonnesch staark ass d’Regioun ronderëm Caracas betraff. Et war déi schwéierst Naturkatastroph, déi Venezuela an de leschten 30 Joer erlieft huet.

Ënner anerem Däitschland, d‘USA a Mexiko ënnerstëtzen d’Land mat Rettungs-Ekippen. Ronn 50 Leit vum däitschen Techneschen Hëllefswierk fléien haut an d’Katastrophegebitt.

D’USA wëlle Militärschëffer a Fligere schécken.