arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Daach vu Schoul agefall: Op d'mannst 28 Schüler:inne kommen am Pakistan ëm d'Liewen

Pakistan

|
reading time

1 min

Daach vu Schoul agefall: Op d'mannst 28 Schüler:inne kommen am Pakistan ëm d'Liewen

Wärend de Cours amgaange war ass an enger Schoul am Nordweste vu Pakistan den Daach an e Koup gefall. Dobäi sinn op d'mannst 28 Schüler:innen am Alter vu bis zu 12 Joer an eng Enseignante ëm d'Liewe komm. Weider Doudesaffer gi sech erwaart.

reading time

1 min

© EPA/ARSHAD ARBAB
(Foto: EPA/ARSHAD ARBAB)

Och wieren iwwer 40 Mënsche deels schwéier blesséiert an an d'Klinik bruecht ginn, esou ee Spriecher vun de pakistanesche Rettungsdéngschter. Ronn 100 Kanner solle sech zu dem Ament an der Schoul opgehalen hunn. Et gëtt awer nach keng offiziell Confirmatioun fir déi Zuel. 

Proprietär gouf festgeholl

Op der Plaz gëtt probéiert ënner den Iwwerreschter vun der Schoul weider Affer ze fannen. D'Schoul hat dräi Stäck. De Proprietär vun der Schoul soll festgeholl gi sinn. D'Ursaach fir dat schwéiert Accident ass awer bis ewell nach net kloer. 

Am Juni eréischt war den Daach vun enger Nohëllefschoul an e Koup gefall. Dobäi waren Dosende Kanner ëm d'Liewe komm. Als Ursaach gëtt ënner anerem mannerwäerteg Bausubstanz genannt.