arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Dag vum Kampf géint Kriibs: Santésministère erënnert u Kriibs-Fréi-Erkennungs-Programmer

Weltdag

|
headphones

1 min

Dag vum Kampf géint Kriibs: Santésministère erënnert u Kriibs-Fréi-Erkennungs-Programmer

De Kriibs bleift eng vun den Haapt-Doudesurssaachen. Preventioun an e fréizäitegen Depistage wieren deemno essentiel, schreift de Gesondheetsministère haut um Weltdag vum Kampf géint de Kriibs. Zu Lëtzebuerg géifen am Duerchschnëtt 3.000 nei Fäll vu Kriibs pro Joer diagnostizéiert ginn.

headphones

1 min

Déi meescht vun de Fäll zu Lëtzebuerg wiere Broscht-, Daarm- oder Longekriibs. D‘Hallschent dovun hätt ee fréizäiteg kënnen erkennen, esou d‘Santé.

De Ministère erënnert drun, datt et hei am Land zwee gratis Programmer gëtt fir Broscht- oder Daarmkriibs fréizäiteg ze erkennen. All eligibel Persounen tëschent 45 a 74 Joer kréien automatesch eng Invitatioun geschéckt fir un deene gratis Kriibs-Fréi-Erkennungs-Programmer deelzehuelen.