search

/ Dagesklinik vun der Jugendpsychiatrie am Norden: Psychologesch Hëllef méi no doheem

Gesellschaft

|
headphones

2 min

headphones

4 min

play_arrow

Dagesklinik vun der Jugendpsychiatrie am Norden: Psychologesch Hëllef méi no doheem

Dës Woch war d'Ouverture vum neien Hôpital de jour fir Jugendpsychiatrie zu Wolz. Déi éischt Jugendlech Patienten a Patientinne sollen dann och gläich an de Raimlechkeete behandelt kënne ginn. D'Struktur soll den Norde vum Land an deem Beräich vun der Jugendpsychiatrie besser ofdecken.

headphones

2 min

headphones

4 min

play_arrow
© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Si gouf op Initiativ vum Service national de la psychiatrie juvénile vum Hôpitaux Robert Schuman an dem Centre Hospitalier du Nord opgemaach. 

Éischt vu méi Etappen

Fir déi jugendlech Patienten a Patientinnen an hir Famille bedeit dat eng psychologesch Hëllef, déi méi no vun doheem ass. Den Directeur Médical vum Centre Hospitalier du Nord Dr. Jean-Marc Cloos seet, datt d‘Klinik awer nëmmen eng Drëps op de waarme Stee wier. Et géifen nach aner Initiative gebraucht ginn, fir esou regional Offeren auszebauen.

Eng dovunner wier en ambulante Beräich, un deem an enger nächster Etapp géif geschafft ginn, wéi den Dr. Jean-Marc Cloos erkläert.

Fir d'éischt ass den Dr. Jean-Marc Cloos awer mol frou iwwer dës nei Struktur zu Wolz.

Méi séier gehollef kréien

Well et schonn esou Dagesklinicken am Süden, wéi och am Zentrum vum Land gëtt, am Norde bis elo awer net, war dat fir betraffe Jugendlecher aus der Regioun problematesch. Wa si bis an eng Klinik am Süden oder Zentrum komm wieren, wier déi psychesch Stéierung dacks scho méi schwéier.

"Oder déi psychesch Stéierung huet sech esou schwéier entwéckelt, datt ee carrement muss eng ganz Hospitalisatioun maachen."

Zousätzlech Hëllef fir Schoulpsychologen

E generelle Problem wier, datt et ze wéineg Personal um Terrain vun der Kanner- a Jugendpsychiatrie géif ginn. Do kéinte Strukture wéi déi zu Wolz hëllefen, erkläert den Dr. Jean-Marc Cloos.

"An esou eng Struktur soll op jiddwer Fall mol hëllefen, wann d'Schoulpsychologen zum Beispill festgestallt hunn, datt e Problem besteet, datt déi kënne bei e Jugendpsychiater goen."

D’Proximitéit zum Doheem kéint et de Jugendleche méi einfach maache sech esou enger Therapie ze stellen. Vum 2. Mäerz u sollen déi éischt Patienten a Patientinne kënnen empfaange ginn.

 

play_arrow Lauschteren