arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitsch Bunn wëllt 400 Gidderween asetze fir ronn 100 Banneschëffer ze ersetzen

Nidderege Rhäin

|
reading time

1 min

Däitsch Bunn wëllt 400 Gidderween asetze fir ronn 100 Banneschëffer ze ersetzen

Wéinst dem niddrege Waasserstand vum Rhäin a vun der Donau wëllt déi Däitsch Bunn hëllefen, d'Liwwerketten oprecht ze erhalen. D'Duechtergesellschaft DB Cargo kéint kuerzfristeg ronn 400 zousätzlech Gidderween asetzen.

reading time

1 min

De Rhäin | © EPA/RONALD WITTEK
De Rhäin (Foto: EPA/RONALD WITTEK)

Domat kéinten den Ament Transporter vu bis zu 100 Banneschëffer ersat ginn, huet et haut no engem Treffe vun de Verkéiersministere vun den däitsche Bundesländer geheescht.

D'Waasserstänn am Rhäin an an der Donau sollen dem däitsche Verkéiersminister Steffen Bilger no och an den nächste Woche ganz niddreg bleiwen.

Liwwerengpäss géif et den Ament awer nach keng. Verschidde Bundesländer hunn als Reaktioun schonn d'Sonndes-Fuerverbuet fir Camionen temporär opgehuewen.

Mëttel- a laangfristeg wëllt den däitsche Verkéiersminister d'Waasserstroossen un déi méi heefeg Niddregwaasser-Situatiounen upassen. Ëmweltschützer warne virun enger Verdéiwung vun de Flëss. Dat géif d'Problemer net léisen a kéint d'Ëmgéigend nach méi staark entwässeren.