arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitsch Grenzkontrollen: Iwwer 2.000 illegal Areesen aus Lëtzebuerg

Däitschland

|
headphones

1 min

Däitsch Grenzkontrollen: Iwwer 2.000 illegal Areesen aus Lëtzebuerg

Bei den däitsche Grenzkontrollen, déi virun annerhallwem Joer nees ageféiert gi waren, goufe bis elo a Rheinland-Pfalz an am Saarland am Ganze ronn 6.500 illegal Areese gezielt.

headphones

1 min

Däitsch Grenzkontroll | © picture alliance/dpa | Patrick Pleul
Däitsch Grenzkontroll (Foto: picture alliance/dpa | Patrick Pleul)

Vun dësen illegalen Areese waren der 2.020 aus Lëtzebuerg, 389 aus der Belsch, a 4.072 aus Frankräich.

Dës nei virleefeg Zuele goufe vun der Bundespolizei matgedeelt.

Si preziséiert: Vun den illegalen Areese wieren 1.336 a Lëtzebuerg zeréckgewise ginn. Weider heescht et: Bei de Kontrolle wieren eng 200 Schleiser virleefeg festgeholl ginn.

Däitschland hat am September 2024 nees temporär Grenzkontrolle mat den Nopeschlänner ageféiert. Dat mam Zil illegal Areesen ze limitéieren. D‘Grenzkontrolle goufen dëst Joer fir déi drëtte Kéier verlängert, bis Mëtt September.