Zënter Mëtternuecht sinn op ville Plazen an Däitschland d'Präisser fir de Bensinn an den Diesel abrupt gefall. De Bensinn E10 war beispillsweis mat 2,06 Euro ronn 14,5 Cent méi bëlleg wéi nach den Dag virdrun.
Grond dofir ass, datt d'Steier vu 17 Prozent op Sprit fir Tankanlagen a Raffinerien ausgesat gëtt. Wéi vill dës Entlaaschtung un d'Clientë weidergeet, kënnen d'Tankstelle selwer decidéieren. Dëst hat och scho beim éischten Tankrabatt fir Kritik gesuergt.
Deutschlandticket gëtt iwwerdeems méi deier
Zur gläicher Zäit koum d‘Annonce, datt de sougenannten Deutschlandticket fir den ëffentlechen Transport am Januar ëm 4 Euro klëmmt, op da 66,8 Euro.
Greenpeace an aner Ëmweltschutzorganisatiounen hu kritiséiert: Et wier net gerecht, datt d‘Regierung den Automobiliste Milliarden Euro beim Sprit bäi,leet, wärend et méi deier gëtt, mam Bus an Zuch ze fueren.
Tankrabatt och zu Lëtzebuerg a Kraaft
Zu Lëtzebuerg gouf am Kader vun der Tripartite am Juni och een Zort Tankrabatt agefouert. D'Sozialpartner haten decidéiert, d'Accisen op Bensinn an Diesel zënter dem 1. Juli a bis Enn Dezember erofzesetzen. Deemno kascht de Sprit den Ament 5 Cent de Liter manner.
D'Tripartitesmesure ass awer un eng Konditioun gebonnen: De Rabatt gëllt nëmmen esoulaang wéi d'Präisser net ënner de Wäert vum 1. Februar falen. Deemools huet de Liter Diesel 1,41 Euro an de Liter Bensinn 1,43 Euro kascht.